Nodeems an der Tëschenzäit schonn 32 nei Strecken an d'Spill implementéiert goufen, ginn et den 12. Juli weider 8 nei Piste fir de Fun-Racer vun Nintendo.

Esou kënnen d'Fans vum beléifte Fun-Racer e Mëttwoch den 12. Mäerz am Plomme-Cup souwéi am Kiischte-Cup op aacht neie Strecken hiert Onwiesen dreiwen. Am Plomme-Cup kënnen d'Spiller an d'Spillerinnen deemno op de Strecken Athen auf Abwegen (Mario Kart Tour), Daisys Dampfer (Mario Kart: Double Dash!!), Mondblickstraße (Mario Kart Wii) a Bad-Parcours Vollgas ginn. Dobäi ass Bad-Parcours eng komplett nei Streck, déi et bis elo a kengem anere Mario-Kart-Deel gouf. Op dëser Pist fiert ee mam Mario a senge Kolleegen duerch e Buedzëmmer a fiert ënnert anerem laanscht Beauté-Produite souwéi duerch eng Buedbidden a flitt esouguer iwwert eng Toilette. Dobäi ginn et eng sëllege Referenzen un de Super-Mario-Universum.

Am Kiischte-Cup kënnen d'Fans vum Spill hir Famill a Frënn op de Strecke Los-Angeles-Strandpartie (Mario Kart Tour), Sonnenuntergangs-Wüste (Mario Kart: Super Circuit), Koopa-Kap (Mario Kart Wii) a Vancouver-Wildpfad (Mario Kart Tour) erausfuerderen.

RTL

© Nintendo / Screenshot

Doriwwer eraus huet Nintendo ugekënnegt, datt mat Kamek, Mutant-Tyranha a Wiggler och nach dräi weider Charakteren hire Wee an d'Spill fanne wäerten.

Bis Enn 2023 sollen an enger weiderer Etapp nach 8 Strecke souwéi weider Charakteren am sougenannte Streckepass vun Nintendo verëffentlecht ginn. Dëse Streckepass ass weiderhi fir 24,99€ am Nintendo E-Shop ze kréien. Leit, déi de Switch-Online-Erweiderungspass hunn, kënnen dës Pisten ouni ufalend Käschte fir näischt spillen.