Railway Empire 2

A "Railway Empire 2" iwwerhuele Spillerinnen a Spiller d'Kontroll iwwert eng eegen Eisebunnsgesellschaft am 19. Joerhonnert.
Hutt dir Iech schonn emol gefrot, wat sou schwéier soll dorunner sinn, Zich pénktlech fueren ze loossen a Persoune, Wueren a Gidder séier a wa méiglech mat Profit vun A op B ze bréngen? Mam Spill Railway Empire 2 hutt der elo d'Geleeënheet, genee dat erauszefannen. Am Videospill vum däitschen Entwéckler «Gaming Minds Studios» iwwerhëlt een als Chef oder Cheffin vun enger Eisebunnsgesellschaft d'Aufgab, an Nordamerika oder a groussen Deeler vun Europa e funktionéierend a profitabelt Schinnennetz opzebauen.
A "Railway Empire 2" iwwerhuele Spillerinnen a Spiller d'Kontroll iwwert eng eegen Eisebunnsgesellschaft am 19. Joerhonnert a probéieren mat cleverem Geschäftssënn d'Weichen ze stellen, fir hei un d'Spëtzt ze kommen. Am Spill gëtt et dohier och vill ze dinn: nei Strecke plangen a bauen, Fuerpläng organiséieren a Passagéier a Wueren transportéieren, fir am Laf vun der Zäit Zuch an all Eck vun der Welt ze schécken. D'Fans vun der Serie wäert et dann och freeën, dass den 2.Deel méi ëmfangräich wéi säi Virgänger ass.
Den Daniel Dumont vum Entwéckler-Studio Gaming Minds: "Also: USA, Teile von Kanada und große Teile Europas sind viel mehr Platz und Möglichkeiten für unzählige Zuglinien. Dazu stehen die 60 berühmtesten Lokomotiven aus der Zeit von 1830 bis 1930 zur Verfügung."Gespillt gëtt eleng géint eng KI oder mat bis zu 3 Frënn, déi dann déi selwecht Eisebunns-Entrepris managen. Majo et ginn awer net nëmme Kolleegen, mä och Konkurrenz, déi ee mat legalen an awer och net sou legale Mëttelen ausschalten oder iwwerhuele kann. D'Spill ass fir PC, PS5, PS4, Switch an Xbox erauskomm.