Ëmmer nees héiert een, datt vermësst Persoune mat Hëllef vun elektroneschen Apparater fonnt ginn. Eng Videospillkonsol ass do allerdéngs éischter d'Ausnam.

Der Police ass et an de meeschte Fäll méiglech, fir vermësste Persounen unhand vun hiren elektroneschen Apparater, wéi de Smartphone, déi si mat sech ronderëm droen, opzespieren. Dëst wéinst de GPS-Sensoren, déi an dësen Apparater verbaut sinn.

D'Nintendo Switch huet zwar selwer kee GPS-Sensor, mä dem FBI ass et trotzdeem gelongen, fir e Meedchen, wat zënter eelef Deeg als vermësst gemellt war, opzespieren. Dëst well enger Frëndin vum Meedchen opgefall ass, datt dat als vermësst gemellte Meedchen owes ëmmer online op der Nintendo Switch wier a Videospiller spille géif. D'Frëndin huet du séier gezünt an dëst direkt de Policebeamte matgedeelt, déi dunn den FBI alarméiert hunn. Doropshin huet den FBI unhand vun der Online-Verbindung rausfonnt, wou d'Meedche sech ophale géif an huet sech op d'Sich nom Meedche gemaach.

Herno huet sech erausgestallt, datt dat jonkt Meedchen aus Arizona vun engem 28 Joer jonke Mann aus Tolleson entfouert gouf. Den Täter hat et dem Meedchen awer erlaabt, fir seng Nintendo Switch matzehuelen a sech mat dëser bei him doheem an den Internet anzeloggen.

Den Täter gouf nach op der Plaz vum FBI mat op de Büro geholl an uschléissend zu enger Prisongsstrof vun 30 Joer verurteelt.