Datt Videospiller an de leschte Joren ëmmer méi beléift gi sinn, ass kee Geheimnis. Mä och klassesch Brietspiller erfreeë sech enger grousser Beléiftheet.

Esou waarden d'Fans all Joers op en Néits ganz ongedëlleg op d'Annonce vum Gesellschaftsspill vum Joer. Nieft dem Spill vum Joer, ginn dobäi och nach Präisser an zwou anere Kategorie verdeelt. Esou gëtt nach e Präis fir d'Kannerspill vum Joer verdeelt an d'Kennerspill vum Joer gëtt och nach mat engem separate Präis geéiert.

Déi éischt Platz an der Kategorie Gesellschaftsspill vum Joer 2023 konnt iwwerdeems d'Spill Dorfromantik ofraumen. Ironescherweis ass dëst Brietspill eng Adaptatioun vum Videospill Dorfromantik, dat am Joer 2022 op de Marché komm ass. Am Communiqué vun der Jury gëtt d'Spill gelueft, well et den Alldag esou richteg entschleunege géif. Dobäi géif virun allem de kooperativen Deel vum Spill positiv ervirstiechen. D'Spill Dorfromantik konnt sech géint eng héichkaräteg Konkurrenz duerchsetzen. Esou waren och nach d'Spiller Fun Facts an Next Station London nominéiert, allerdéngs hunn dës sech um Enn géint Dorfromantik misse geschloe ginn. D'Zil vum Spill ass et, fir sech eng floréierend Landschaft mat Flëss, Dierfer, Felder a villem méi opzebauen, fir datt een herno esou vill Punkte wéi nëmme méiglech op sengem Kont huet.

D'Kannerspill vum Joer 2023 ass d'Spill Mysterium Kids. An dësem Spill geet et dorëms, fir de Schatz vum Kapitän Buh erëmzefannen. Dëst geléngt allerdéngs just, wann d'Matspiller matenee kommunizéieren. Dobäi ass d'Kommunikatioun um Dësch just op en Tamburin limitéiert. Spréch et kann ee just iwwert d'Instrument an domadder iwwer Téin mat senge Matspiller kommunizéieren a sech ofschwätzen. Zesumme muss een dann Noriichten entschlësselen an esou de Schatz erëmfannen.

D'Kennerspill vum Joer 2023 héiert iwwregens op den Numm Challengers!. An dësem Spill muss ee sech eng staark Ekipp aus Kämpfer zesummenzestellen, fir géint d'Matspiller unzetrieden. No all Ronn ginn allerdéngs d'Plazen um Dësch gewiesselt, soudatt och d'Monsteren de Besëtzer wiesselen. Wie keng Monsteren, respektiv keng Kaarte méi huet, ass eraus an herno gewënnt dee Spiller, deen als Leschten iwwreg bléift.