Lëtzebuerg no 14 Joer nees bei der Rubik’s-Cube-WM vertrueden

© AFP Archivbild
Vum 12. bis de 15. August ass d'Rubik’s-Cube-Weltmeeschterschaft a Südkorea statt. Mat dobäi ass de Lëtzebuerger Philippe Schwartz.
Zanter senger Erfindung 1974 huet de Rubik’s Cube ni opgehalen, Mënsche weltwäit ze begeeschteren, respektiv ze verzweiwelen. 450 Milliounen, esouvill Cubë goufen ewell ronderëm d’Welt verkaf (Stand 2021). Eng beandrockend Zuel, déi de faarwege Cube zum meeschtverkaafte Puzzle – jo, offiziell gëllt dës Spillsaach als Puzzle – mécht. 2014 gouf e souguer an den US National Toy Hall of Fame agefouert.
Ugefaangen huet d'Geschicht vum Rubik’s Cube an Ungarn, wou den Architekt Ernő Rubik Beweegung dräidimensional duerstelle wollt. Den éischte Prototyp war deemools nach e Gebastels aus Pabeier, Holz, Lastiker, Pech a Klammeren. Bűvös kocka oder Magesche Cube gouf dësen éischten Entworf genannt. An effektiv, kuckt ee sech d'Erfollegsgeschicht vun dësem Cube un, kann ee scho bal vun engem Märche schwätzen.
Bal 50 Joer méi spéit huet sech de Puzzle zu engem Kultobjet entwéckelt, deen zanter 1982 seng eege Weltmeeschterschaft huet. Dëst Joer ass mat ronn 1.400 Participanten déi gréissten Editioun vun dëser Kompetitioun. Dorënner ass och de Lëtzebuerger Philippe Schwartz.
Erstaunlech einfach?
De Philippe Schwartz mécht zanter 2018 u Rubik’s-Kompetitioune mat. Seng Spezialitéit ass Blind Cubing, dat heescht, hie léist de Puzzle mat verbonnenen Aen. Wéi wann et sou net scho schwéier genuch wier...
Am Ganzen huet de Philippe aacht Landesrekorder a fënnef verschidden Disziplinnen. Dorënner den 3x3 Wierfel mat verbonnenen Aen, deen hien a knapp enger Minutt an 21,61 Sekonne léist.
De Philippe Schwartz bei sengem Landesrekord
Freet een de Philippe, wéi hien dat mécht, äntwert hie ganz ouni Ironie: "Et ass erstaunlech einfach u sech." Konkret gesäit seng Approche esou aus: all Véiereck gëtt hien e Buschtaf. Da mierkt hie sech, wéi eng Buschtawen wouhi kommen. Pro Koppel Buschtawe mécht hie sech dann e Wuert. "D'Koppel R an T erginn d'Wuert RTL. L an U sti fir Lëtzebuerg." Alles, wat hien dann nach muss maachen, ass sech eng Geschicht mat all deene Wierder auszedenken, fir dann all d'Buschtawen, respektiv Faarwen nees an déi richteg Reiefolleg ze setzen. Ganz einfach also...
Wat allerdéngs stëmmt ass, datt een haut mam Internet Accès u sëllege Methoden huet, déi et méi einfach maachen, de Puzzle ze léisen. Op d'mannst mat oppenen Aen. Ma wéi et schéngt ze einfach, fir de beruffleche Risiko Analyst, dee sech och un anere Forme vum Rubik’s Cube ewéi de 5x5 eruntraut, wa méiglech, ouni ze kucken natierlech.
Am Ganze ginn et nämlech 10 verschidde Variatioune vum Rubik’s Cube, déi bei Kompetitioune vertruede sinn. Vum 7x7 Cube bis hin zum Dodecaheron (Megaminx) oder nach de Pyraminx, deen enger Pyramid gläicht.
United Colours
Ma net nëmmen a Punkto Form huet sech de Puzzle iwwert d'Jore weiderentwéckelt. Och den Interêt ronderëm d’Disziplin ass staark geklommen. "Virun allem no der Pandemie huet ee gemierkt, datt ëmmer méi Leit sech fir de Cube begeeschteren." Et gi keng genau Zuelen, fir en direkten Zesummenhang tëscht dem Succès vum Rubik’s Cube an der Pandemie hierzestellen. Allerdéngs huet de Konzern Spin Master - dee mat Hasbro a Matel zu de gréisste Spillsaacheproduzenten zielt - 2020 d'Mark Rubik's Cube Ltd. fir ronn 50 Milliounen US-Dollar opkaaft. E kloert Zeechen dofir, datt d'Mënschheet nach laang net fäerdeg ass, sech iwwert dëse Puzzle de Kapp ze zerbriechen. Souguer Netflix huet eng Doku, The Speed Cubers, iwwert Rubik’s-Cube-Kompetitioune produzéiert.
Fir de Philippe geet et also den 9. August Richtung Südkorea fir d'WM. Och wann hie sech erhofft, en neie perséinleche Rekord opzesetzen, geet et him och vill dorëm, sech mat Leit ze treffen, déi seng Leidenschaft deelen. "Et geet och vill dorëms, Länner ze sammelen. Also op esou vill Plazen ze reese wéi méiglech. Ech sinn elo bei 27. No dëser WM sinn et der 28. Domat sinn ech scho gutt dobäi. Anerer si mëttlerweil bei iwwer 60 mat ganz ausgefale Plazen, déi een esou ni gesinn hätt. D'Communautéit ronderëm de Rubik’s Cube gläicht also ganz dem Puzzle, dee se esou begeeschtert. Eng sëllegen Zuelen u verschidden Identitéiten, déi duecht d'Welt verstreet sinn an ëmmer nees e Wee fannen, sech erëmzefannen an en eenheetlecht Ganzt ze bilden.
Wann ee spéitstens elo en Interessi u kompetitivem Cubing entwéckelt huet, kann ee sech gäre bei der Speedcubing Lëtzebuerg asbl. mellen. HEI de Link zu hirer Facebook-Säit.