An der Finall vun der Playoffe konnt sech RIFT Sloths an engem Best-Of-Five knapps mat 3:2 géint déi hollännesch Ekipp Dynasty duerchsetzen.

Domadder ass d'Lëtzebuerger Ekipp eng vun den 8 beschte League-of-Legends-Ekippen an der Benelux-Regioun a wäert an der nächster Saison probéieren, déi ganz grouss Ekippen, déi eng oder aner Kéier ze iergeren. Sollt RIFT Sloths dëst geléngen, da kéinten hinnen esouguer Participatiounen u ganz groussen Turnéieren op europäescher Bün bléien a jee nodeem och un Turnéieren, op deene sech déi beschten Ekippe vun der Welt begéinen.

RIFT Sloths ass eng reng lëtzebuergesch E-Sports-Ekipp, déi ënnert dem Daach vun der RIFT Entertainment a.s.b.l. am Joer 2022 gegrënnt gouf. Ursprénglech wollt d'Ekipp just un Turnéieren deelhuelen, déi zu Lëtzebuerg organiséiert goufen, mä séier huet ee sech op de Benelux-Raum fokusséiert. An den éischte Matcher krut een nach gewisen, datt ee sech nach verbessere misst, fir mat der internationaler Klass kënne matzehalen, mä et huet ee sech als Ekipp druginn a sech iwwert déi sëllege Matcher an Turnéieren ëmmer verbessert.

Am Joer 2023 koumen dunn déi éischt Succèsen, obschonns een op Säite vu RIFT Sloths Angscht hat, och dëst Joer nach net op engem anstännegen Niveau kënne matzehalen. Dëst virun allem, well d'Ekipp nei opgebaut gouf. Esou gouf et an der éischter Saison am Joer 2023 nach e puer Defaiten, déi ee villäicht op dës Ëmstrukturéierung drécke konnt, mä mat enger 3. Plaz an der zweeter Divisioun war ee scho gutt zefridden.

An der zweeter Saison vum Joer 2023, déi och nach Summer Split genannt gëtt, huet d'Lëtzebuerger Ekipp dunn awer hiert ganzt Potential bewisen. Esou konnte si Woch fir Woch hir Matcher gewannen a RIFT Sloths huet sech lues awer sécher un d'Spëtzt vun der Tabell manövréiert. No 7 Woche stounge si op der éischter Plaz an der Tabell a si sinn domadder als Favorit an d'Playoffe gaangen.

A spannende Matcher konnte si sech och de Championstitel sécheren a sech domadder am September fir en Turnéier qualifizéieren, bei deem si fir den Opstig an déi éischt Divisioun spille wäerten. Op Säite vu RIFT Sloths wéilt een an dësen Turnéier mam Zil eragoen, fir opzesteigen a fir domadder an der nächster Saison an der éischter Divisioun vun der Benelux-Liga kënnen un de Start ze goen.

Nieft enger League-of-Legends Ekipp stellt RIFT Entertainment awer nach zwou weider E-Sports-Ekippen. Esou gëtt et och nach eng Clash-Royal-Ekipp, déi bei de Post-Esports-Masters, déi zweete Plaz beleeë konnt. D'Rocket-League-Ekipp vu RIFT Entertainment konnt op dësem Turnéier iwwerdeems déi éischte Plaz beleeën.

Op dëser Plaz wënsche mer der lëtzebuergescher Ekipp vill Gléck fir den Turnéier am September.