An de leschte Méint goufen et ëmmer nees Rumeuren ëm eng nei Konsole-Generatioun bei Nintendo. Wat ass bis elo driwwer gewosst?

Och wann et engem nach net sou virkënnt, ass d'Nintendo Switch virun iwwer 6 Joer rauskomm, sou dass et normal ass, dass sou lues a lues Froen iwwert eng nei Konsol vum Haus Ninentdo bei de Fans opkommen. Déi aktualiséiert Versioun a Form vum OLED-Modell gëtt et och schonn zënter 2021. Iwwregens ass Nintendo selwer an der Lescht ëmmer nees méi konkret ginn, wann et ëm d'Thema vun der neier Konsol gaangen ass.

En Datum gouf offiziell natierlech nach net genannt, an och inoffiziell gëtt et nach kee Release-Zäitpunkt vun der "Nintendo Switch 2". Ma et kann een awer dovunner ausgoen, dass eng nei Hardware wuel net virum 31. Mäerz 2024 op de Marché dierft kommen. Am Finanz-Bericht vu Nintendo géif een erkennen, dass een elo mol nach géif op Spill-Releases bis Enn dës Joer setzen, fir esou mol nach déi aktuell Switch z'alimentéieren.

Méi realistesch wier, dass een déi 2. Hallschent vum Joer 2024 upeilt, dat sech och mat Rumeuren géif decken, déi dovunner schwätzen, dass d'Entwécklung vum Switch Nofollger géif schëtzeg virugoen. Neisten Informatioune vun Ninentdo-Insider no, soll d'Konsol definitiv nach virun Enn dës Joer 2024 erauskommen. Et wieren och schonn Dev-Kits am Ëmlaf, déi d'Entwécklerstudioe kréien, fir sou nei Spiller fir déi nächst Generatioun kompatibel ze maachen. Och hei wier vun engem Release an der 2. Hallschent vum Joer rieds. Et géif och séchergestallt ginn, dass d'Qualitéit an awer och d'Offer am Aklang mat de Standarden bei Nintendo stinn. Eng Situatioun wéi bei der Playstation 5 bei Sony wéilt een onbedéngt evitéieren.

Iwwert en offiziellen Announcement vun der Konsol kann een och spekuléieren, ma et léich awer no, dass et éischt Informatiounen an e puer Deeg am Kader vun der Gamescom 2023 kéinte ginn. Méi warscheinlech wier awer eng eege Presentatioun, also iwwer Nintendo Direct. Virun allem bei sou engem wichtegen Annoncement wéi enger neier Konsol.