D'Erwaardunge vu Larian Studios, den Entwéckler vum Spill, dierfte wuel definitiv iwwertraff gi sinn. Elo steet de Release op der PS5 nach virun der Dier.

Scho kuerz nom Start vum Fantasie-Rollespill "Baldur's Gate 3" konnt een eleng op Steam iwwer 800.000 Spiller registréieren, déi simultan gespillt hunn, dat fir en extrem gudde Start vun engem Videospill schwätzt. D'Erwaardunge goufen esou iwwertraff, dass deels technesch net alles ronn gelaf ass, dat huet och de CEO vum Entwécklerstudio, de Swen Vincke zouginn. Et wier ee glécklech iwwert de Succès vum RPG-Spill, ma et géif een sech awer elo op déi vereenzelt Problemer konzentréieren an déi och behiewen.

Niewent dem Fixe vu Bugs, steet natierlech de Release op der PS5 am September am Fokus, eng Plattform, op deene potentiell Millioune vu Spiller schonn an de Startlächer stinn. An den USA ass d'Spill an de Pre-Order-Charts un der Spëtzt, och wann de Release fir d'PS5 wuel e wéineg méi kleng wéi um PC dierft ausfalen.

Iwwer DLCen dann gëtt nach spekuléiert. Déi wieren zwar net ageplangt de Moment, et géif een et awer och net ausschléissen, och wann d'Ëmsetzung net sou einfach wier. Et ass ee säitens Larian Studios do léiwer nach zeréckhalend.

De 6. September 2023 wäert d'Spill dann fir d'PS5 erauskommen.