Éischt Biller vun der Playstation 5 Slim opgedaucht?

Scho méi laang ginn et Rumeuren vun engem méi klenge Slim-Modell vun der PS5. Elo sollen éischt Fotoen vun der Konsol am Internet opgedaucht sinn.
Wärend 2024 eng méi leeschtungsstaark Pro-Konsol vun der PS5 soll erauskommen, soll Rumeuren no d'Slim-Versioun nach an dësem Joer op der Marché kommen. Dës Konsol soll vun Haus aus kee Lafwierk fir Disken hunn, ma wéi et heescht, kéint et awer sinn, dass een d'Konsol mat engem Lafwierk kann ergänzen, also eenzel nokafen.
Offiziell gouf dëst awer vu Säite vu Sony nach net annoncéiert, hei hält een sech am Moment nach bedeckt. Ma et tauchen an der Lescht awer ëmmer nees Biller vum Modell op, ënnert anerem an engem chineesesche Forum. Dëse Forum huet och schonn am Joer 2020 éischt Biller vun der PS5 geleaked, déi sech dono och als wouer erausgestallt haten.