Ronn 87 Prozent vun all de Videospiller op der Welt sinn net méi um Marché

© RTL / Archiv
Dëst huet d'"Video Game History Foundation" an Zesummenaarbecht mat dem "Software Preservation Network" an enger US-amerikanescher Etüd erausfonnt.
Ronn 87 Prozent vun all de Videospiller, déi weltwäit verëffentlecht gi wieren, kënnen net méi vun neie Videospill-Fans gespillt ginn, esou heescht et an der Etüd. Dëst géif domadder zesummenhänken, datt d'Hiersteller vun de Videospillkonsolen an hiren Online-Shoppen, an deenen ee sech d'Spiller digital erofluede kéint, net all d'Spiller vu fréier degagéiere géingen. Virun allem Nintendo géif mat de Retro-Spiller konservativ ëmgoen: Esou géif de japaneschen Hiersteller just nach qualitativ héichwäerteg Spiller an hirem Shop online stellen, soudatt vill klassesch Spiller op der Streck bleiwe géingen. Videospiller, déi virun 2010 verëffentlecht gi sinn, sollen der Etüd no schwéier opzedreiwe sinn. Dëst géing och mat den Online-Shoppe vun der Nintendo Wii U an dem Nintendo 3DS zesummenhänken, déi net méi online accessibel sinn.
Mä och bei anere Konsole gesäit et net besser aus. Am Schwéiersten ass et fir all Game-Boy-Spill opzedreiwen. Esou stinn, vun de méi wéi 700 Game-Boy-Spiller, grad emol 5,8 Prozent vun dësen online zur Verfügung, soudatt esou muncht d'Spill eng richteg Raritéit ginn ass.
Frënn vun der digitaler Welt vun de Videospiller sinn iwwerdeems besuergt. Si fäerten, datt et zu engem Verloscht vun engem Stéck vun der Videospillgeschicht komme kéint. Mä déi US-amerikanesch Regierung probéiert, Ofhëllef ze schafen. Am Joer 2024 soll ee Gesetzesprojet lancéiert ginn, deen dofir suerge soll, datt staatlech Bibliothéiken an Archive kreéiert ginn, déi d'Spiller archivéiere sollen, soudatt et an d'Zukunft, jiddwerengem méiglech soll sinn, déi al Spiller ze spillen. Domadder soll der US-Regierung no jiddwereen an de Genoss vu klassesche Videospiller kommen.