Zënter dem 1. September ass dat 1. Kapitel vum Trading Card Game "Lorcana" um Marché. Allerdéngs ass et net sou einfach, iwwerhaapt nach Kaarten ze fannen.

Vill Leit, déi sech iwwert de Release vun engem Disney-Kaartespill gefreet hunn, koumen deels mat eidelen Hänn aus de Geschäfter. Praktesch iwwerall op der Welt sinn d'Kaarten ausverkaaft, d'Produite kënnen, wann iwwerhaapt, nëmme vereenzelt nogeliwwert ginn. Och zu Lëtzebuerg sinn an de grousse Geschäfter d'Kaarte fortgaangen, wéi waarm Bréidercher.

Deelweis schwätzt Community vun engem Desaster säitens Ravensburger. De groussen Deel vun de Fans hu bis ewell nach keng Kaart gesinn, d'Präisser um Schwaarzmaart sinn deels astronomesch héich, dat souwuel fir Booster-Packs, Starter-Decks oder eenzel Kaarten.

RTL

© FELIX KASTLE DPAdpa Picture-Alliance via AFP

Vir deem entgéint ze wierken, huet Ravensburger elo annoncéiert, fir dat éischt Kapitel ze reprinten. Dës sollen Ufank 2024 erauskommen, fir esou d'Demande ze decken, dat virun allem an den USA an an Europa. Ëmmer nees kann een awer Gléck hunn, a vereenzelt Produiten a Geschäfter erwëschen.

Dat 2. Kapitel soll da schonn de 17. November a Fachgeschäfter erauskommen, am Dezember sollen dann och déi grouss Supermarchéen dës Editioun kréien.