
Opgrond vu Streidegkeete mat dem Futtballweltverband FIFA huet sech de Videospillhiersteller aus den USA dofir entscheet, fir den neien Titel vun der beléifter Futtballsimulatioun ënnert engem aneren Numm ze verëffentlechen. Esou lauschtert den neien Deel aus der Rei op den Numm “EA Sports FC 24".
Den 12. September huet EA an engem Communiqué d’Wäerter vun de 24 beschte Spiller a Spillerinne verëffentlecht. Dobäi ware vill Fans vum Spill virun allem op d’Wäerter vun de Spillerinne gespaant. Dëst well ee fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun der Futtballsimulatioun am Ultimate-Team-Modus souwuel mat Männer, ewéi och mat Frae spille kann an ee sech domadder eng Ekipp, déi aus Männlein a Weiblein besteet, zesummebaue kann.
Déi bescht Gesamtwäertung, déi EA verdeelt huet, ass eng 91. Dës Wäertung kruten dräi Spiller souwéi eng Spillerin zougesprach. Bei de Männer kënne sech de Kylian Mbappé, den Erling Haaland an de Kevin De Bruyne iwwert dës 91er-Bewäertung freeën. Bei de Fraen ass et dogéint d’Alexia Putellas. Weider heescht et am Communiqué, datt EA de 15. September sämtlech Spillerbewäertunge verëffentleche wäert. Deemno wäerten och d’Fans aus Lëtzebuerg de 15. September gewuer ginn, wéi eng Wäerter hir Lëtzebuerger Liblingsspiller vun EA spendéiert kruten.
Hei fannt Dir d’Oplëschtung vun de 24 beschte Spiller a Spillerinnen. Wie sech méi genee fir déi eenzel Wäerter interesséiert, dee ka sech dës an der Galerie ënnert der Oplëschtung ukucken.