Drogen, Blutt a Sexualitéit - Alles verbueden
Zënterhier ass Nintendo bekannt, fir kannerfrëndlech Videospiller op de Marché ze bréngen. Dowéinst goufen esou munch Zeenen an Nintendo-Spiller geännert.
Keen Alkohol a Super Mario Kart
Super Mario Kart ass den éischte Mario-Kart-Deel, dee vun Nintendo verëffentlecht gouf. Am Joer 1993 ass dëst d'Spill an Europa fir d'SNES erauskomm. Ee Joer virdru koum d'Spill allerdéngs schonn an den USA souwéi a Japan op de Marché. An der japanescher Versioun drénken d'Charakteren, nodeems si an der Gesamtwäertung op der éischte Plaz stoungen, e Pättche Schampes. An der europäescher Versioun dogéint sprutze si just mam Schampes, ouni eppes aus der Fläsch ze drénken, soudatt an der europäescher Versioun sämtlech Charakteren eng anere Gewënner-Zeremonie kruten, wéi an den anere Versioune vum Spill.
An dësem Video gesitt Dir, wéi d'Prinzessin Peach an der japanescher Versioun een iwwert den Duuscht drénkt, wougéint si an der europäescher Versioun d'Schampesfläsch just an d'Luucht geheit:
Keng Reklamm fir Zigaretten a Mario Kart 64
Am zweeten Deel vun der Mario-Kart-Rei, a Mario Kart 64, gouf dann allerdéngs nees zenséiert. Dës Kéier och erëm an der europäescher Versioun vum Spill. Gesäit een an der japanescher Versioun op enge sëllege Piste Reklammen, op deene Marioro steet, wat een als Referenz un den Zigaretten-Hiersteller Marlboro verstoe kann, esou goufen dës Reklammen an der europäescher Versioun gestrach.
Weider gesinn d'Spiller an der europäescher Versioun keng Reklamme vu Luigip, déi un d'Tankstellefirma Agip erënnere sollen. An der japanescher Versioun sinn dës Reklammen allerdéngs ze fannen.

© N64.com
Kee Blutt a Body Harvest
Am N64-Spill Body Harvest, wat vum Entwéckler-Studio DMA Design entwéckelt ginn ass, dat spéiderhin duerch d'Spill-Rei GTA bekannt gouf, kritt een an der amerikanescher Versioun vill Blutt ze gesinn, soudatt de Bildschierm phaseweis nëmmen a rouder Faarw opliicht. Déi europäesch Versioun gouf hei op en Neits staark entschäerft. Esou verléieren d'Mënschen, wa si getraff ginn an der europäescher Versioun just eng gréng Flëssegkeet, déi am Spill als Jus vum Liewen bezeechent gëtt. An Europa gouf deemools gefaart, datt Blutt potentiell Keefer ofschrecke kéint, soudatt een op dës Entscheedung zréckgegraff huet.
Keng Sexualitéit am Remake vun The Legend of Zelda: Link's Awakening
The Legend of Zelda: Link's Awakening ass ee vun de beléiftsten Zelda-Spiller aus der Rei. Dëst well d'Spill aneschters opgebaut ass, wéi déi aner Spiller aus der Gamme. Och am Design vun de Charaktere souwéi am Entwerfe vun den Dialogen huet Nintendo sech am Joer 1993, wou d'Spill erauskomm ass, mol eppes aneres getraut. Esou fënnt een am Laf vum Spill eng Meerjungfrau, déi plakeg ass, well hire Bikini geklaut gouf. Weider fënnt ee gréng Géigner, déi staark un e Phallus-Symbol erënneren, déi engem, wann ee se uschwätzt, mat op de Wee ginn, datt een et ni ouni Kondom maache soll oder datt ee géigesäiteg Flëssegkeeten austausche soll.
An de Remakë vum Spill, déi 1998 respektiv 2019 verëffentlecht goufen, sinn dës Zeenen allerdéngs alleguer gestrach ginn. Esou sicht d'Meerjungfrau net méi hire Bikini, mä e Bijou aus Pärelen an d'Géigner, déi un e Phallus erënneren, gi keng sexualtheoretesch Tuyaue méi, mä bezeechnen de Spiller just nach als komesch oder ginn ëm anerwäerteg hëllefräich Tipps.
