De 14. September huet Nintendo an enger Nintendo Direct eng Rëtsch nei Spiller ugekënnegt, déi an deenen nächste Wochen a Méint verëffentlecht wäerte ginn.

Virun allem mat der Ukënnegung vum Spill Paper Mario: Die Legende vom Äonentor huet Nintendo fir eng grouss Iwwerraschung gesuergt. De Remake vum Paper-Mario-Spill, wat fir d'éischt fir de GameCube am Joer 2004 rauskomm ass, wäert 2024 op de Marché kommen. Dobäi gëllt dëse Paper-Mario-Deel als ee vun de beschten Deeler vun der Rei: No der Direct gouf op ville Plaze geschriwwen, datt Videospill-Nostalgiker et net kënnen ofwaarden, fir d'nächst Joer nees mam Mario op d'Sich no Stäre-Bijouen ze goen, fir domadder d'Prinzessin Peach op en Néits virum Béisen ze retten.

Domadder net genuch, goufen nei Informatiounen zum Spill Princess Peach: Showtime! verëffentlecht. D'Spill, an deem ee fir d'zweete Kéier an der Nintendo-Geschicht d'Prinzessin Peach aus dem Pilz-Kinnekräich steiere wäert, gëtt den 22. Mäerz 2024 verëffentlecht. Dobäi muss een d'Mataarbechter aus engem Theater souwéi d'Zeenebiller, déi dës gemaach hunn, retten. Als Peach hëlt ee wärend dem Spillen ënnerschiddlech Rollen un, fir dëst ze realiséieren. Dobäi spillt een dann ënnert anerem e Musketier, e Bäcker, e Kung-Fu-Kämpfer oder en Detektiv.

Weider gouf eng Battle-Royale-Versioun vum Spill F-Zero ugekënnegt. Mam Spill F-Zero 99 kënne Spiller op albekannte Strecke géint Spiller op der ganzer Welt untrieden a kucken, wien als Leschten iwwerliewen, respektiv als Éischten iwwert de wäisse Stréch fuere kann.

Allerdéngs gouf och nach eng Spill-Kollektioun vun der Another-Code-Rei ugekënnegt, soudatt een den 19. Januar 2024 souwuel Another Code: Doppelte Erinnerung ewéi och Another Code: R - Die Suche nach der verborgenen Erinnerung spille kann. Bei béide Spiller handelt et sech dobäi ëm Remakes. Ass dat éischt Spill e Remake vun der DS-Versioun, esou konnt een den zweeten Deel fir d'éischt op der Nintendo Wii spillen. D'Another-Code-Rei gëllt als Geheimtipp am Genre vun de Point-And-Click-Adventures. D'Spill-Kollektioun lauschtert dobäi op den Numm Another Code: Recollection.

Doriwwer eraus gouf och nach e Remake vum DS-Spill Mario vs. Donkey Kong ugekënnegt. Dëst Spill soll een de 16. Februar 2024 an de Supermarchéë fanne kënnen. Och Splatoon gouf an der Direct thematiséiert. Hei gouf gesot, datt den zweeten DLC vum Spill Splatoon 3 am Fréijoer 2024 online gestallt wäert ginn. Weider krut d'Spill Meisterdetektiv Pikachu kehrt zurück e Release-Datum spendéiert. D'Spill wäert vum 6. Oktober 2023 un an de Spill-Regaler uechter d'Land ze fanne sinn. Dobäi gouf och gesot, datt de Pikachu op senger Sich nom Papp vu sengem Meeschter vun enge sëllege Pokémon ënnerstëtzt wäert ginn. Och zu de Spiller Luigi Mansion 2 HD a WarioWare: Move It! goufen et nei Detailer. Kann ee mam Mario sengem Brudder am Summer 2024 op der Nintendo Switch nees spillen, esou wäert de Wario schonn den 3. November 2023 de Wee op d'Switch fannen. Dobäi wäert een am Wario sengem Spill virun allem mat sengen eegene Beweegungen d'Spill steieren, soudatt d'Spill vum Gyrosensor vun der Switch-Manett gebrauch maache wäert. Ausserdeem gouf et och nach Nouvellen zum Spill Super Mario RPG, wat de 17. November 2023 verëffentlecht wäert ginn. Hei goufen nei Spillelementer souwéi Spezialattacke vun de Charaktere gewisen.

Hei nach weider Spiller/DLCs/Updaten, déi ugekënnegt goufen:

  • Nintendo Musée
  • Eiyuden Chronicle: Hundred Heroes
  • Prince of Persia: The lost Crown
  • DAVE THE DIVER
  • Mario Kart 8 Deluxe Boosterpass -  Welle 6
  • Horizon Chase 2
  • Super Crazy Rhythm Castle
  • SPYxANYA: Operation Memories
  • SaGa Emerald Beyond
  • Tomb Raider I-III Remastered
  • Trombone Champ
  • Battle Crush
  • Wartales
  • Contra: Operation Galuga
  • Wargroove 2
  • Unicorn Overlord
  • Amiibo: Zelda + Ganondorf, Sora, Noah + Mio
  • Bandle Tale: A League of Legends Story
  • Eastward: Octopia-DLC

Wie sech déi ganz Direct nach eng Kéier ukucke wëll, dee kann dat mat dësem Video maachen: