All 8. Mann spillt méi dacks Videospiller wéi nach virun der Pandemie

© MARVIN RECINOS AFP
Frae schéngen an dëser Ëmfro manner ufälleg ze sinn. Hei ass et just all 13. Fra, déi méi viru Konsol oder Handy sëtzt an zockt, wéi nach viru Corona.
An der Lockdown-Zäit selwer, also am Joer 2020, war et souguer all 5. Mann, dee säin Videospill-Konsum gesteigert huet. Dat beseet op alle Fall eng Forsa-Ëmfra, déi an Optrag vun der KKH, eng vun de gréisste Krankekeesen an Däitschland mat Sëtzt zu Hannover, gemaach gouf. An deem Joer soll dann och all 8. Fra méi Gaming konsuméiert hunn, wéi nach virun 2020.

© KKH
Fir dës Etüd goufen am Juli 2020 an am Juli 2022 knapp 1.000 Mënschen tëscht 19-69 Joer online befrot. Wéi een sech et net anescht erwaart, sinn et virun allem déi méi Jonk, déi zënter der Corona-Kris méi spillen. Am Ganze 16% vun de Befroten tëscht 16-29 Joer hunn uginn, méi virun der Konsol, dem Gaming-PC oder der Spill-App ze hänken, wéi virun der Pandemie. Nëmme 7 Prozent soen, dass se däitlech manner zënterhier spillen.
Am Ganzen 61% vun de Befrote Männer spillen de generell Computerspiller, dat offline oder online. Bei de Fraen sinn et der just 44%. Am Pandemie-Joer louch ee bei souguer 66% zu 52%. Och d'Dauer vun Zocken ass tëscht Männer a Fraen ënnerschiddlech. Männer tendéieren dozou am Dag méi Stonne virum Bildschierm ze spillen.

© KKH