"Trio" gëtt Bistrospill vum Joer

© David Winter / RTL
Wéi all Joers gouf och nees dëst Joer e Bistrospill vum Joer gewielt. Dëst Joer gouf et e Kaarte-Sammelspill, mat einfache Reegelen, ma villen Optiounen.
Um Belval huet d'Jury sech e Mëttwoch den Owend getraff, fir aus am Ganze 5 Spiller "d'Bistrospill" vum Joer auszewielen. Nominéiert dëst Joer waren: "Claro", "Double Donkey", "Get It", "That's not a Hat" an "Trio". Organiséiert gouf de Präis, deen elo scho fir déi 6. Kéier vergi gouf, vun der Spillfabrik an Zesummenaarbecht mat der Horesca.
Gewonnen huet d'Kaartespill "Trio", bei deem et drëms geet, Gruppe vun 3 den nämmlechte Kaarten ze sammelen. Heivir freet ee senge Matspiller engem déi héchsten oder niddregst Kaart op der Hand virzeweisen oder et kuckt een, wéi beim Memorie, bei enger Unzuel un ëmgedréite Kaarten um Dësch no. Wiem et hei am beschte geléngt, Trioen, also Gruppen aus 3 de selwechten Zuelen sou ze fannen, gewënnt d'Spill.
Bei "Trio" war et schlussendlech d'Einfachheet vun de Reegelen an d'Spannung déi opkënnt, fir déi verschidde Kaarte bei senge Matspiller oder um Dësch z'entdecken. Dobäi kënnt, dass d'Kaarte méi opwänneg designed goufen, wat natierlech e flotte Effekt beim Spillen huet.

© David Winter / RTL
Op der 2. Plaz kënnt "Claro", e Kaartespill bei deem et drëms geet, sou laang wéi méiglech Kaarten ausspillen ze kënnen an sou senge Matspiller iwwerleeën ass. E wéineg Taktik a Gléck sinn hei gefrot, fir zum Schluss also Gewënner ervirzegoen.

An och der 3. Plaz kënnt "Double Donkey", eng Mëschung aus engem Kaartespill an engem Wierfelspill. Et muss een hei versichen, sou schnell wéi méiglech seng Kaarten aus der Hand lass ze ginn, dat an deem ee probéiert d'Wäerter vun de Kaarte mat Hëllef vun de Wierfelen sou niddreg wéi méiglech ze halen.
