Nieft dem Fragezeeche-Block, dem Koopa-Kinnek Bowser an der SNES mat Fernsee, ass dëst de véierte méi gréissere Nintendo-Set vu LEGO.

Nieft den interaktive Bausette vun der LEGO-Super-Mario-Rei, déi a reegelméissegen Ofstänn verëffentlecht ginn an éischter Kanner uschwätze sollen, kënnt och all Joers ee Set eraus, dee sech éischter un déi méi erwuesse Kanner adresséiert. Viru Kuerzem huet LEGO ugekënnegt, op wéi ee Set sech d'Fans vum Blechschléier Mario dëst Joer freeën dierfen.

Déi ikonesch Piranha-Planz, déi zënter dem éischte Mario-Bros.-Spill wuelbekannt ass, wäert hire Wee de 6. November an d'Butteker uechtert d'Welt fannen. Dobäi wäert d'Planz an enger éischter Period just an den exklusive LEGO-Shoppen, respektiv bei den offizielle LEGO-Verdeeler ze kréie sinn. D'Set selwer besteet aus 540 Deeler a wäert ronn 65 Euro kaschten. D'Planz soll dobäi beweeglech sinn, soudatt d'Spiller déi typesch Beweegungen, déi een aus de Videospiller vun der Planz kennt, nomaache kënnen.

Wéi vill LEGO-Mario-Setten hutt Dir doheem stoen a wäert Dir bei dësem Set och zougräifen? Loosst eis Är Meenung gären an engem Kommentar wëssen.