Et ass déi mëttlerweil 3. Kéier, dass d'Weltmeeschterschaft am sougenannte Speed-Puzzelen ausgedroe gëtt, dat och mat Lëtzebuerger Participatioun.

A sech war déi éischten Editioun 2019, dat zu Valladolid a Spuenien. Wéinst der Pandemie sinn d'Editiounen 2020 an 2021 ausgefall, sou dass et dëst Joer déi 3. Editioun vun der Weltmeeschterschaft war. Och 2023 gouf déi nees zu Valladolid organiséiert, dat well den Organisateur vum Event selwer vun do ass. Ma Spuenien ass och eent vun de méi aktive Länner, wann et ëm dat kompetitiivt Puzzele geet.

D'Catherine Beck, dat mat 3 anere Participante fir Lëtzebuerg ugetrueden ass, ass dann och eréischt rezent op d'Weltmeeschterschaft opmierksam ginn. Puzzele war fir hat, wéi fir déi meescht vun eis, als alleréischt emol en Hobby: "Ech hunn a sech mat Puzzelen ugefaangen..., also bon, ech hunn nach ëmmer gepuzzelt... Mä richteg ugefaangen hunn ech wärend der Pandemie. An d'lescht Joer war déi éischte Kéier wou ech 'aware' war, dass et iwwerhaapt sou eng Weltmeeschterschaft gëtt. Dat heescht, d'lescht Joer hunn ech dat gekuckt an ech hunn dat du mega cool fonnt. An jo, do hunn ech geduecht, wann s de bëssi trainéiers, kanns de do och vläicht matmaachen."

D'Catherine Beck iwwert déi éischt Schrëtt a Richtung Championnat

Gesot, gemaach: Fir d'Editioun 2023 huet d'Catherine sech dann effektiv ugemellt an ass fir d'Weltmeeschterschaft a Spuenien gefuer. Iwwer 700 Leit hu leschte Weekend bei dësem risegen Event matgemaach, deen an de leschte puer Joren extrem u Popularitéit gewonnen huet. Gesponsert gëtt dat Ganzt iwwregens zënter Ufank u vum weltbekannte Spill-Verlag Ravensburger, deen natierlech och déi sëllege Puzzelen, déi fir d'Kompetitioun gebraucht ginn, zu Dispositioun stellt.

RTL

© Catherine Beck

Gespillt gëtt an 3 Kategorien, dat an der Kategorie "Individual", also als Eenzelspiller, eemol an der Kategorie "Pairs", also an der Koppel, an eemol als Ekipp an der Kategorie "Teams". D'Catherine Beck huet et als Eenzelspillerin iwwert déi éischt Ronn an d'Halleffinall (Plaz 66) gepackt, eng exzellent Leeschtung, wann ee bedenkt, dass et déi éischte Kéier ass, dass et dobäi ass an ee sech hei mat deene beschte Puzzeler aus der Welt moosse muss. An der Halleffinall koum et dunn op déi 156. Plaz. D'Joyce Petry vu Veianen koum souguer bis an d'Finall a konnt sech hei op déi 66. Positioun placéieren.

An der Kategorie "Pairs" huet d'Catherine Beck et souguer mat sengem Puzzel-Partner Stefan Leopoldseder fir Lëtzebuerg an d'Finall (Plaz 67) gepackt. Am Team war d'Catherine mat 3 anere Leit fir d'Schwäiz ugetrueden, well do an der Ekipp méi Spiller aus der Schwäiz vertruede waren. Och hei ass ee bis an d'Finall komm (Plaz 93), wat natierlech och e gutt Resultat ass.

Och wa bestëmmt jiddwereen scho mol e Puzzel gemaach huet, ass puzzelen um kompetitive Level natierlech net wierklech mam gemittleche Puzzelen um Stuffendësch ze vergläichen. Ënnert anerem gëtt et jo eng geleefeg Fauschtreegel, dass een am beschte mam Rand ufänkt, well een hei d'Stecker méi séier zesummefënnt. Majo dat ass beim kompetitive Puzzelen natierlech net grad sou einfach an nëmme bedéngt wouer:"Et hänkt ganz vum Bild of, wat ee puzzelt, woumat een ufänkt. Also déi meeschte Speed-Puzzeler pake fir d'éischt alles aus an dréinen alles ëm. Verschidde Leit fänken dann direkt schonn u mat sortéieren, aner Leit fänken einfach u mat puzzelen. Dat ass eng Saach vu 'Wat läit de Leit am beschten'. An dann, mat wat een ufänkt mat puzzelen, hänkt wierklech vum Bild of."

Wéi leet ee sech am beschte beim Speed-Puzzelen un?
RTL

Huet een zum Beispill e Bild mat engem Himmel oder enger grousser grénger Wiss, ass et méi einfach, fir dëst als éischt zesummenzekréien an dono kann een dann deelweis de Bord maachen. Majo, eng genee Richtlinn gëtt et awer net. An der Halleffinall kruten d'Catherine a seng Géigespiller beispillsweis e ronne Puzzle. Hei huet d'Lëtzebuergerin dann an der Mëtt ugefaangen. Wann een an der Ekipp oder an der Koppel spillt, da kann ee sech natierlech d'Aarbecht ënnerschiddlech opdeelen.

Wann een dann e groussen Deel vum Puzzel scho fäerdeg huet, gëtt et natierlech och nach d'Strategie, fir all d'Stecker déi iwwreg sinn, no der Form an net méi no der Faarf ze sortéieren an dann esou weiderzefueren: "Da kann ee vergläichen... Du hues jo verschidden Zorte vu Puzzelstécker. Zum Beispill, du hues jo e Standard-Puzzelstéck, also 2 där Noppen do eraus an zwee eran an du hues der och déi en Eck maachen. Du hues der, wou nëmmen een eraus ass an 3 eran. Déi Stécker erkennt een dann zum Beispill éischter, wéi lo d'Standard-Puzzelstéck."

Wéi eng verschidde Puzzelstécker ginn et?
RTL

Mat dëser Strategie ass et méiglech, fir méi methodesch virzegoen,sou dass een net all eenzelt Stéck probéiere muss an een esou natierlech nees Zäit spuert, Zäit, déi wichteg ass beim Speed-Puzzelen. E Virdeel huet een natierlech, wann een e Puzzel, deen een ze léise kritt, am Virfeld privat schonn emol eng Kéier gemaach huet. All Spiller an engem Grupp kritt iwwregens natierlech dee selwechte Puzzel. Majo an de Finallen da kritt ee Puzzelen ze léisen, déi nach net publizéiert goufen a meeschtens eréischt an der Pipeline stinn, fir dat Joer drop an de Verkaf ze kommen.

Bis ewell ginn et och nach net wierklech Restriktiounen, fir beim Championnat matzemaachen, erkläert d'Catherine Beck. Fir d'Rees a Spuenien an d'Aschreiwung muss een zwar selwer opkommen, ma eng Prequalifikatioun oder Änleches gëtt et am Moment nach net.

Am Eenzel-Championnat huet een iwwregens 90 Minutten fir e Puzzel vu 500 Stécker fäerdeg ze maachen, genee sou an der Koppel, wann een an der Virronn ass. An der Finall muss een dann zu 2 en 1.000er-Puzzel an 2 Stonne léisen. Am Team sinn et dann 3 Stonne maximal, fir 2 Puzzelen vun 1.000 Stécker zesummenzesetzen. Dass dat fir en normalen Hobby-Puzzeler net ze maachen ass, läit op der Hand. Training ass dohier wichteg, ouni Preparatioun gëtt et schwéier, fir hei kënne virbäi matzepuzzelen: "Ech hunn, am Ufank vum Joer soen ech emol, ugefaange mat üben. Awer dat war da méi sou sporadesch, dann hunn ech vläicht eemol an der Woch oder eemol all zwou Wochen sou e Puzzel op Zäit gemaach. Ma elo, ech soe mol, dee leschte Mount virun der Weltmeeschterschaft, hunn ech scho geziilt probéiert, wierklech all Dag ee Puzzel ze maachen. An dann hunn ech mech natierlech och dobäi getimed, verschidde Strategien ausprobéiert. Zum Beispill: Mëss de e Full Flip, dat heescht, du dréins direkt alles ëm? Sortéiers de de Rand eraus oder net? Sortéiers de Faarwen am Ufank oder net? An da fënns de bëssen sou eraus, wéi eng Strategie am Beschte fir dech funktionéiert."

Wéi bereet ee sech op sou en Event vir?
RTL

Ufanks ass och d'Catherine Beck net ënner 2 Stonne bliwwen bei 500 Stécker, mëttlerweil läit et bei ëm enger Stonn. De Rekord vun der Lëtzebuergerin läit bei ronn 57 Minutten. D'Top-Favoritte wéi den Alejandro Clemente León aus Spuenien oder d'Kristin Thuv aus Norwegen leie bei sou Puzzelen souguer bei 30-35 Minutten, wat natierlech fir den Ament nach eemol eng aner Liga ass. D'Lëtzebuergerin ass awer houfreg op hir gutt Leeschtung, virun allem, wann ee bedenkt, dass d'Konditiounen op sou engem groussen Turnéier net mam Puzzelen doheem ze vergläiche sinn: "D'Nerve si vill méi do. Als Beispill: Normalerweis heiheem, wann ech da geüübt hunn, da stoung ech quasi déi ganzen Zäit fir ze puzzelen, also beim Dësch. Dohannen fir unzefänken, wollt ech mech dann och stellen an ech hunn awer einfach sou geziddert vun den Nerven hier, sou dass ech net wierklech konnt stoe bleiwen. Dowéinst hunn ech mäin éischte Puzzel dann am Sëtze gepuzzelt."

De Stress an Drock beim kompetitive Puzzelen

Spuenien, also d'Land, an deem Championnat bis ewell ausgedroe gëtt, ass e reegelrecht Puzzel-Land. Dat erkennt een och un der grousser Zuel u Leit, déi hei deelhuelen an natierlech och wéi se sech zum Schluss placéieren. Och an den USA oder an der Tschechescher Republik ass d'Puzzelen extrem populär, Spillerinnen a Spiller aus deene Länner schneiden dacks opfälleg gutt of. Och wann een et net op den éischte Bléck erkennt: Speed-Puzzelen ass extrem ustrengend, souwuel kierperlech, wéi och geeschtlech: "Déi ganz Deeg, dat ass esou bëssi wéi e 'Blur' mëttlerweil. Du bass wierklech do 5 Deeg, du puzzels 4 Deeg. Dat ass ustrengend, fir do Stonnen a Stonne laang ze puzzelen, zemools an den Team-Ronnen, wou s de dech wierklech 3 Stonne muss konzentréieren. Ech sot nach, ech hu mech gefillt, wéi wann ech e Marathon gelaf wier dono."

Puzzelen ass eng geeschtlech a kierperlech Erausfuerderung

D'Nächst Joer wëll d'Catherine Beck iwwregens nach eemol matmaachen, dat dann am léifste mat engem komplette Lëtzebuerger Team, fir dann och als eng Natioun an de Pairs an den Teams matzemaachen.