Den 21. Oktober 2023 gëtt vu Rift Entertainment, streamers.lu an Nocturnal Esport op de Summoners Dance zu Keel-Téiteng an der Schungfabrik invitéiert.

Vun 10.00 Auer moies bis 3.00 Auer Moies wéilt een, esou d'Organisateuren, en Event op d'Bee stellen, bei deem een de Gaming-Aspekt mat enger grousser Party verbanne wëll. Esou géif et moies mat engem League-of-Legends-Turnéier lassgoen, dee bis an de fréien Owend dauere wäert. Zil wier et heibäi, fir net nëmme Profi-Spiller virun de Bildschierm ze kréien, mä och fir Ekippen op Keel-Téiteng ze lackelen, déi réischt kierzlech mam Spill ugefaangen hätten, respektiv nach net vill Erfarungen op engem kompetitiven Niveau sammele konnten. Fir de ganzen Turnéier e bësse méi attraktiv ze maachen, gëtt et e Pricepool vun 800 Euro souwéi Iessen- a Gedrénks-Bongen am Wäert vu 50 Euro ze gewannen, déi op déi beschte véier Ekippen opgedeelt wäerte ginn.

Doriwwer eraus wäert de ganze League-of-Legends-Turnéier op der Streaming-Plattform Twitch iwwerdroe ginn, soudatt Fans vum Spill, déi gären den Turnéier suivéiere géifen, mä duerch iergendee Grond verhënnert sinn, fir sech den Turnéier live op de Plaz kënnen unzekucken, dëst awer maache kënnen. De Stream kënnt Dir Iech dann heiriwwer ukucken.

Nom Turnéier gëtt owes eng grouss Afterparty lancéiert. Dräi DJen (DIFINO, TYRONIC an IH4XX3R) wäerten nom Turnéier opleeën a fir eng gutt Stëmmung an der Schungfabrik suergen. Nieft der Party gëtt och nach e Beerpong-Turnéier organiséiert, fir deen ee sech a seng Ekipp och umelle kann. An dësem Turnéier kann een Iessen- a Gedrénks-Bongen an engem Wäert vu 75 Euro gewannen, déi een doropshin op der Afterparty ausgi kann.

Si fir de League-of-Legends-Turnéier keng Plaze méi fräi, esou kann ee sech awer nach fir de Beerpong-Turnéier umellen. Dofir kënnt Dir einfach op dëse Link klicken. Wann Dir nach Matspiller sicht, da kënnt Dir gären dem Discord-Server vu Rift Entertainment joinen an do no Matspiller froen. De Server areecht Dir iwwerdeems iwwert dëse Link.

D'Organisateure freeë sech, fir souvill Leit wéi nëmme méiglech an der Schungfabrik souwéi op Twitch begréissen ze kënnen.