Zwee Deeg "Game On" fir d'Fans vu Briet- a Videospiller
Zënter e puer Editioune gëtt et d'Game On elo schonn an de Rotonden an ass och nees dëst Joer e feste Rendezvous fir all d'Spill-Fans am Grand-Duché.
Organiséiert gëtt d'Game On ënnert anerem vun der Spillfabrik, Social Gaming Luxembourg, der Stad Lëtzebuerg (CAPEL) an de Rotonden, dat a Kollaboratioun mam IFEN, dem SNJ, dem Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) an dem "Le Réservoir".
De Jean-Claude Pellin vun der Spillfabrik betount, dass et e Festival ronderëm d'Spill ass, sou dass et och d'Iddi ass, sou vill wéi méiglech verschidden Aspekter vun dësem Themegebitt ofzedecken: "Dat heescht iwwert d'Videospiller, awer och Brietspiller, bis hin zu Saachen déi indirekt mam Spill ze dinn hunn, wéi zum Beispill Leit déi Spiller illustréieren, mir schwätzen iwwert d'Auteuren, mir weise wéi ee selwer Spiller erfanne kann. D'Figurinne, wéi kann een déi molen, iwwert den Escape Room... An dann awer och verschidden Tournoien déi wäerte stattfannen, e Pub-Quiz och owes, Holz-Spiller fir déi Kleng. Voilà, mir wëllen alles ofdecken wat d'Spill esou ze bidden huet a wou mer probéieren och op där doter Plattform, alleguerten d'Leit beieneen ze bréngen aus dem Land, déi begeeschtert si vu Spiller an déi Loscht hunn ze spillen."
Rëm dobäi ass dann och nees d'Puzzle-Challenge, wou et drëms geet, en 18.000-Stécker-Puzzle an den 2 Deeg vun der Game On fäerdeg ze kréien. Mat dobäi, wéi scho gesot, ass och de Pub-Quiz, deen sech dëst Joer nees engem groussen Interessi am Virfeld konnt erfreeën an nees méi Leit wäerten dobäi sinn. Dësen ass dann och scho komplett ausgebucht fir dës Joer.
Nei dobäi ass d'Presenz vun der Universitéit Lëtzebuerg mat hirem "Forum Z". Hei wäert een méi konkret op d'Geschicht vun de Videospiller agoen, respektiv wéi d'Videospiller geschichtlech Theeme verschaffen. Dëst leeft Samschdes op der Game On, dat parallel mat Workshoppen a Virträg.
Majo natierlech ginn och déi neiste Spiller an de Rotonden iwwert déi 2 Deeg presentéiert a gewisen. Do dierf een dann och selwer spillen an testen. Hei ginn dann och Titele souwuel fir déi kleng Spiller, wéi och fir déi Erwuesse gewisen. Besonnesch wëll ee sech drop konzentréieren d'Videospill mam Brietspill méi ze verbannen an och Parallellen opzeweisen.

© Game On
Op der Plaz kann een sech dann och dat eent oder anert Spill mat heem huelen, dat um beléifte Floumaart fir Brietspiller an natierlech och op de sëllege Butteker an Händler déi op der Plaz sinn an ënnert anerem och déi Spiller verkafen, déi gewise ginn, dorënner och dat frësch gewielte Bistrospill vum Joer 2023. Virun allem fir de Floumaart muss een sech bäimaachen, well dëse wéinst senger qualitativ héichwäerteger Auswiel u Brietspiller extrem gären vun de Visiteure besicht gëtt.
Den Entrée fir op d'Game On ass iwwregens gratis. Samschdes sinn d'Dieren offiziell op vu 14-19 Auer, dono sinn dann nach verschidden Turnéier, respektiv de Pub Quiz. E Sonndeg dann ass de Rendezvous tëscht 12-18 Auer. Komme kann a soll jiddwereen tëscht jonk an al, sou laang een sech fir d'Spille begeeschtere kann. Weider Informatioune fannt dir um offizielle Site vun de Rotonden.