Nintendo schléisst d'Joer mat héijem Profit of

© STANISLAV KOGIKU APA-PictureDeskAPA-PictureDesk via AFP
Nintendo huet dowéinst och seng Gewënn-Prognos en Dënschdeg fir déi éischt Hallschent vum Joer ugehuewen, dat wéinst de gudde Verkeef vu Spiller.
Virun allem déi staark Ventë vun de Spiller "The Legend of Zelda: Tears of the Kingdom" a "Pikmin 4" huet dem japanesche Videospill-Entwéckler héich Profitter agespillt. Bis Enn Mäerz 2024 geet een elo vun engem Profit vun 2,8 Milliarden Euro aus, virdrun ass een nach vu ronn 2,1 Milliarden ausgaangen.
Eleng Zelda gouf zënter dem Release schonn 19,5 Millioune Mol verkaaft ginn, Pikmin 4 gouf 2,61 Millioune Mol verkaaft, sou Nintendo an engem Statement.
De Super Mario Bros-Film, deen am Abrëll an d'Kinoe koum, hätt dann och e ganz positiven Impakt op d'Verkeef vu Mario-Spiller gehat, esou d'Firma zu Kyoto.
Fir d'Period tëscht Abrëll a September sinn d'Verkeef vu Spiller och ëm 21,2% geklommen, dat op bal 5 Milliarden Euro Ëmsaz an enger Gewënnerhéijung vu 17,7%.
Virun allem den iwwerraschend gudde Verkaf vu Pikmin 4 hätt zum extraordinäre éischten Hallefjoer 2023 gefouert, esou Analysten.
Majo och nei Produiten, wéi d'"Mario Red"-Editioun vun der Switch an natierlech dat ganz neit Spill "Super Mario Bros Wonder", béid am Oktober erauskomm, verkafe sech extrem gutt, sou Nintendo weider. Virun allem de gudde Verkaf vun der Switch iwwerrascht, vu dass d'Konsol elo scho ronn 7 Joer um Marché ass.