D'Videospill-Serie "The Legend of Zelda" gëtt elo dach verfilmt

© RICHARD A. BROOKS AFP
No der Mario-Franchise gehéiert Zelda definitiv zu de beléiftste Spiller vun Nintendo. D'Spill mam Held Link an der Prinzessin Zelda kritt elo e Film.
"The Legend of Zelda" kënnt also elo definitiv an eis Kinoen, dat a Form vun enger Realverfilmung, also mat Schauspiller an net, wéi dacks ugeholl gouf, CGI-animéiert.
Grond fir dës Neiorientéierung beim Nintendo-Imperium dierft ënnert anerem de "Super Mario Bros."-Film sinn, dee jo dëst Joer erauskomm ass, an e Milliarde-Succès war. Elo entwéckelt Nintendo, ausgerechent mam Konkurrent Sony (Sony Pictures) e Zelda-Film ëm den Held aus dem Räich Hyrule. Regie wäert bei dëser Real-Verfilmung vum Spill de Wes Ball féieren, deen och scho fir "Maze Runner" d'Regie gefouert huet.
De Porte-Parole vun Nintendo a Regisseur Shigeru Miyamoto, deen de Film produzéiere wäert, huet op X matgedeelt, dass ee "schonn zënter ville Joren" un dësem Projet schaffe géif. "Mir hunn elo offiziell mat der Entwécklung vum Film ugefaangen, woubäi Nintendo selwer staark an d'Produktioun agebonnen ass." Et wäert seng Zäit brauchen, bis de Film fäerdeg ass, ma hien hofft, dass d'Fans sech schonn drop freeën.
Zelda gëllt mëttlerweil als Zuchpäerd vun Nintendo. Dat éischte Spill gouf schonn am Joer 1986 publizéiert. D'Fantasy-Spiller erzielen d'Geschicht vun engem Jong dee Link heescht, an ëmmer nees d'Kinnekräich Hyrule an d'Prinzessin Zelda rette muss. Déi am Ganzen iwwer 20 Deeler vun der Serie hu sech bis ewell weltwäit iwwer 125 Millioune Mol verkaaft.
Nintendo ass bekannt dofir seng Spiller extrem ze protegéieren a gëtt seelen d'Rechter dofir of, fir zum Beispill Filmer oder aner Produiten draus ze maachen. Zënter dem "Super Mario Bros."-Film, deen am Joer 1993 erauskomm ass, gouf et keng Verfilmung méi mat Schauspiller vun engem Nintendo-Spill. Den Antimatiounsfilm, deen jo dëse Summer erauskomm ass, war, am Géigesaz zu der Realverfilmung aus den 90er, e reegelrechte Succès. Bis ewell huet de Spill iwwer 1,3 Milliarden Dollar eragespillt.
Netflix hat dann och fir eng länger Zäit probéiert, eng Zelda-Zeechentrick-Serie z'entwéckelen. D'Aarbechten dofir goufen och 2015 lancéiert, ma et koum schlussendlech ni zu enger Realisatioun.