Rockstar Games annoncéieren Trailer fir den neie GTA

© JAKUB PORZYCKI NurPhotoNurPhoto via AFP
Nodeems den Entwéckler héchstperséinlech elo d'Uso fir den éischten offiziellen Trailer gemaach huet, steet der GTA-Euphorie näischt méi am Wee.
Dësen Trailer kënnt no jorelaanger Spekulatioun a Virfreed säitens der Fan-Community vun der GTA-Serie. Obwuel mol nach net e Release-Datum fir d'Spill gewosst ass, gëtt elo schonn vun engem vun de gréisste Spiller an dësem Joerzéngt geschwat.
GTA ass jo virun allem als Open-World/Sandbox-Spill nom Erfolleg vu GTA 3 sou richteg bekannt ginn an huet zënter deem eng massiv Fan-Basis hannert sech. Eleng de leschten Deel, GTA 5, dat am Joer 2013 erauskomm ass, huet mëttlerweil iwwert eng Milliard Dollar agespillt, an dat sou séier wéi nach keen anert Spill an der Geschicht. Bis haut goufe ronn 190 Millioune Kopien vum 5. Deel verkaaft. Dëst sinn, no Minecraft, déi meeschte Spiller déi jeemools vun engem Spill verkaaft goufen. Wéi d'Mammenhaus Take-Two Interactive matdeelt, goufen aus der ganzer GTA-Serie iwwer 410 Millioune Spiller verkaaft, relativ eemoleg an der Gaming-Geschicht.
Majo d'Spill huet an der Vergaangenheet awer och vun negativer Opmierksamkeet gelieft, dat virun allem duerch de Virworf, d'Serie géif Gewalt, Kriminalitéit, Folter, Mënschenhandel a Sexaarbecht glorifizéieren. Och géife Fraen a Minoritéite an engem falschen an deels virdeelhafte Bild duergestallt ginn. Ëmmer nees kënnt et dohier zu Kontroversen bis hin zu Verbueter a verschiddene Länner.
Majo zënter dem Release virun 10 Joer hunn d'Fans sech misse mam leschten Deel zefridde ginn, wat dann elo eventuell geschwënn en Enn kéint hunn. Gameplay gouf jo och scho geleaked vun Hackeren, wéi Rockstar Games 2022 confirméiert huet, dass den nächsten Deel an der Entwécklung wier.
Hei war ënnert anerem ze gesinn, dass eng weiblech Haaptprotagonistin dobäi ass, wat eng Première fir d'Serie wier. Och soll sech dës Kéier alles zu Vice City ofspillen, enger fiktionaler Welt am Stil vu Miami, eppes dat deene meeschte Fans dierft e Begrëff sinn. Am Dezember soll also den Trailer erauskommen, dat och am Kader vum 25. Jubiläum vum Studio. E Release-Datum ass nach net gewosst. Experten spekuléieren awer op e méigleche Release fir Enn 2024.