Eltere solle sech méi fir d'Videospill-Verhale vun hire Kanner interesséieren

© MAYLIS ROLLAND Hans LucasHans Lucas via AFP
Reng philosophesch, kann een de Mënsch als "Homo Ludens" bezeechnen, also als „spillende Mënsch". Videospiller bestätegen dës Thees och am 21. Joerhonnert.
Den André Melzer ass Psycholog, huet an Däitschland studéiert a promouvéiert a schafft zënter dem Joer 2008 op der Universitéit Lëtzebuerg, dat spezialiséiert an der Sozial- a Mediepsychologie. Seng Schwéierpunkte sinn déi interaktiv Medien, wéi sozial Medien a Videospiller a kennt sech dohier méi wéi gutt mat der Psychologie vu Kanner a Jugendlechen an der Welt vun de Videospiller aus.
Kanner a Jugendlecher spillen dacks dat, wat hiert Ëmfeld, also d'Kolleege spillen, an natierlech och dat, wat am Trend läit. Dësen Trend gëtt duerch de Facteur "sozial Medien" nach eemol verstäerkt, respektiv duerch Video- a Streamingplattformen, op deenen déi Spiller dann och gespillt ginn an een nach eemol motivéiert gëtt, dës Spiller ze spillen an Deel vun der Community ze sinn. Hei entstinn also souzesoen Trends a verschidde Spiller si méi ugesot wéi anerer, jee nodeem wéi eben de Frëndeskrees an oder ausserhalb der Schoul ass a jee nodeem wéi eng sozial Medien a Plattformen ee consomméiert a suivéiert.

© David Winter / RTL
Allerdéngs kënnen natierlech och emol Trends ëm Spiller entstoen, déi an sech nach net fir de méi jonke Public geduecht sinn an éischter vu méi eelere Kanner oder Jugendlechen gespillt ginn, déi awer dacks „Rolle-Modeller" fir déi méi jonk sinn. Aus guddem Grond, sou den André Melzer, ginn dës Spiller och, änlech wéi Filmer beispillsweis, mat enger Altersaschränkung gekennzeechent.
Lëtzebuerg ass jo hei am sougenannte "PEGI-System", also dem Pan-European Game Information-System. Dës Indicen, esou den André Melzer, sinn jo virun allem eng Informatiounsquell fir d'Elteren an ass a sech manner fir d'Kanner vu Wichtegkeet. Hei steet drop, fir wéi een Alter de Contenu vun engem Spill virgesinn ass an awer och, wéi ee Contenu et iwwerhaapt ass. Ass also Gewalt am Spill, respektiv Kraaftausdréck oder sexuelle Contenu? Dëst ass och kloer op de Këschte vun de Spiller gekennzeechent, respektiv am Online-Shop, wann een et d'Spill digital keeft. Et kann een also bal net iwwersinn.
Vill méi wichteg ass hei awer eppes anescht, esou de Mediepsycholog: „Eltern müssen sich interessieren und sollten sich interessieren dafür was ihre Kinder wollen und was ihre Kinder spielen. Also, als Elternteil würde ich erstmal der Argumentation von Kinder nicht folgen die sagen: „Ja aber der Pit von nebenan, der spielt das Spiel auch". Natürlich haben Kinder diesen Druck auch: „dann muss ich das auch spielen, wenn der das spielt", „wenn der das darf, warum darf ich das nicht auch spielen?". Das müssen Eltern erst mal aushalten. Das ist natürlich auch ein Druck der direkt an die Eltern weiter gegeben wir. Eltern sollten dann mit ihren Kindern darüber sprechen, was das Spiel interessant mach, ausser dass Pit von nebenan das auch spielt."

© JAKUB PORZYCKI NurPhoto via AFP
D'Fro déi een dem Kand muss stellen ass also, wat de Contenu vum Spill ass, dat et spille wëll a wat et dem Kand bréngt. An da muss een sech froen, op een als Elteren oder Elterendeel dëse Contenu als „kandgerecht" aschätzt oder net. Den André Melzer fënnt et dohier och komplett an der Rei, wann ee Kanner bestëmmte Spiller virenthält, déi eben net altersgerecht sinn, d'Kand also nach ze jonk ass.
Hei dierf ee sech awer dann och net um geneeën Alter festbäissen, well Alter ass net gläich Alter: „Das biologische Alter ist nicht das Entwicklungsalter. Viele die vielleicht 14 oder 15 sind, sind auf einem Niveau, dass man sagen kann: „Ja warum soll dieses Kind ein Spiel nicht spielen, dass ab 16 freigegeben ist." Das können Eltern immer am besten beurteilen und dann entscheiden. Also: 'Warum wollen Kinder etwas spielen, was vielleicht nicht altersgemäss ist?', 'Was bietet dieses Spiel?' Um dann auch aus Eltern-Sicht abzuschätzen: Was würde so das Spielen dieses Spiels mit meinem Kind machen?"
Wann dann mol en neit Spill an den Haushalt kënnt, ass et dann och net verkéiert einfach mat de Kanner zesummen d'Videospill ze spillen oder op d'mannst nozekucken, wéi d'Kand et spillt. Bis e gewëssen Alter, géif dëst och bei ville Kanner gutt funktionéieren, sou den André Melzer, deen heizou Erfarungen säitens sengen eegene Kanner huet:
„Wir hatten regelmässig, da waren die (meine Kinder) so 11 bis 13, hatten wir abends immer ne halbe/dreiviertelstunde Mario Kart zusammen gespielt. Natürlich hat mir das super Spaß gemacht, weil ich war dann ja auch Teil davon - ab nem bestimmten Alter wollen Kids auch einfach nicht mehr so intensiv was mit Eltern zu tun haben – hier durfte ich mitspielen, was für mich super war. Auf der anderen Seite konnte ich sehen, wie Kinder mit so Sieg und Niederlage umgehen, um da eventuell entsprechend auch noch eingreifen zu können und mit gestalten zu können. Dass es normal ist, dass man nicht immer gewinnt, dass man auch mit Verlust und mit Niederlagen klarkommt."
Dobäi kënnt, dass et och fir d'Kanner flott ass den Elteren an engem Spill iwwerleeën ze sinn. Dëst ass jo normalerweis net de Fall, well Erwuessener meeschtens fir Kanner a ville Beräicher vum Liewen onbezwéngbar sinn. Eng Win-Win-Situatioun also fir den André Melzer, fir deen eben hei fir béid Säiten eppes Positives eraussprange kann.
De Mënsch als "Homo Ludens", also als Mënsch dee spillt
Reng philosophesch gekuckt, kann een de Mënsch ënnert anerem jo als "Homo Ludens" bezeechnen, also als „spillende Mënsch". Zentral wier hei also d'Fro, wisou de Mënsch iwwerhaapt spillt? Hei erkläert den André Melzer, dass de Mënsch de „kontrolléierte Risk" gären huet. An anere Wierder also sech op eng Situatioun anzeloossen, an där een eppes gewannen oder verléiere kann an een natierlech op de Gewënn hofft. Egal op een elo eppes spillt, moolt, musizéiert oder soss eppes erschaaft, sou laang een eppes packt, op dat een higeschafft huet, gëtt dat e „Push", e positive Feedback.
„Videospiele sind hier ganz besonders geeignet. Videospiele bieten eine unmittelbare Erfahrung, ich drücke auf die Taste und ich sehe sofort die Veränderung in Echtzeit. Ich krieg also sofort Rückmeldung: Ich hab da auf die Taste gedrückt und der Gegner fällt um, oder das Klötzchen fällt um, oder ich schaff die Reihe in Tetris und die wird gelöscht. Ich kriege eine unmittelbare Rückmeldung, dass ich etwas geschaft habe."
Den André Melzer betount, dass een dëst elo natierlech net mam Realiséiere vun beispillsweis engem monumentale kënschtleresche Wierk vergläiche kann, ma de Prinzip wier awer kloer dee selwechten. Et mécht een eppes, dat mat Erfolleg gekréint ass, an dat gëtt engem e positiivt Gefill. Wann een dëst Gefill, also eng Belounung kritt, dat weess een zënter laangem an der Psychologie, da widderhëlt een dat och gären.

Den André Melzer a sengem Fuerschungszenter op der Universitéit um Belval. / © David Winter / RTL
A Videospiller maachen dat besonnesch clever, well ee bei gudde Spiller eng Balance tëscht de positive Momenter, also de Succèsen huet, an de Perten, wann een emol verléiert oder eppes net packt. Dat erkläert och, dass een och bei Spiller, bei deenen een 10, 20 oder 30 Mol mat sengem Charakter stierft, iert een de Boss da schlussendlech bei der 31. Kéier packt, awer dru bleift. Beispiller sinn hei Souls-Spiller wéi "Dark Souls" oder "Elden Ring".
Grad bei sou Spiller ass d'Belounung dann nach eemol méi grouss an et hëlt een och a Kaf, et beim nächste Géigner nach eemol sou dacks ze probéieren. Eleng d'Aussiicht op eng Belounung, déi dann och an deem Fall net sou dacks kënnt, geet duer, viru um Ball ze bleiwen. Dat ass iwwregens souwuel bei Kanner a Jugendlechen, wéi och bei Erwuessenen esou, bis hin zu ganz ale Leit.