Et ass e Workshop mam Titel “Exercice via gaming acticities during pregnancy” op der Uni Lunex zu Déifferdeng.

Et ass an anere Wierder e Workshop , wou ee sengem Kierper mat Videospiller wärend der Schwangerschaft hëllefe kann, wou Hightech a Wëssenschaft matenee verschmëlzen. Dem Angela Kostaki , déi Physiotherapeut ass an dëse Projet mat Dokteren op d’ Been gestallt huet, ass der Meenung, dass een net nëmme wärend der Schwangerschaft Péng verspiert.

Verschidde Frae kréien nach Péng ee Joer no der Gebuert. Wat mer d’Leit also méi informéieren iwwert dëse Problem an dass se vun dësen Exercicer profitéiere kënnen, ëm esou manner grouss ass de Risque, dass se dës Symptomer kréien.

An dofir gëtt een net nëmmen hei iwwert all dëst opgekläert, de prakteschen Deel besteet aus Übungen um Gymnastik-Ball ewéi mir e kënnen, just dass e mat engem Sensor equipéiert ass, dee mat engem Videospill iwwer Ecran verbonnen ass.

Dës Exercicer verstäerke virun allem Muskelen. Dobäi ginn awer och nach aner Wäerter getest, esou den Dr. Renato Baptista vun der Uni. “Mir hu verschidden Tester, déi mer maachen . Zäit. déi ee brauch fir opzestoen a sech no 3 Meter ëmzedréinen a sech nees ze setzen. Mir moossen och Zäit vun dëser Aufgab.”

Duerch all dës Tester a Resultater ginn déi Betraffen op villes opmierksam gemaach, wat hinne wärend der Schwangerschaft d’Liewen vereinfache soll, esou fannen d'Dokteren eraus, ob een éischter betraff ass, zum Beispill wat d’Falen ugeet oder net.

Computerspiller nei erliewen an an engems preventiv eppes fir de Kierper maachen: Et ass e Workshop, deen emol eng Kéier e bëssi aneschters ass, ewéi een dat gewinnt ass.