Iwwert de ganzen Dag steet hei d'Gesiicht vun Nintendo, de Mario, am Mëttelpunkt. An deem Kader wäerten et dann Aktivitéite fir Grouss a Kleng ginn.

Dësen Event, bei deem d'Entrée iwwregens gratis ass, huet als Zil passionéiert Gamer an de Grand-Public mateneen ze verbannen. An hei sinn d'Spiller vun Nintendo genee dat richtegt Verbindungselement, bei deene Kompetitivitéit a "Casual Gaming" matenee verbonne ginn. Beispiller heivir si Spiller wéi Super Smash Bros., Mario Kart a Mario Wonder.

Ënnert anerem wäert et e grousse Super Smash Bros. Ultimate Turnéier ginn, dat natierlech gespillt op der Nintendo Switch. Hei geet et ëm e Präis vu ganzer 2.000 Euro. Heivir muss een sech iwwert den offizielle Site umellen. Déi beschte Matcher ginn op der Bün zu Jonglënster de Weekend gespillt, de kompletten Turnéier gëtt op Twitch iwwerdroen. Aner Präisser kann een dann nees bei Spiller wéi Mario Kart 8 Deluxe gewannen, andeem een déi beschten Zäit fiert um Enn vum Dag.

Et wäert dann ënnert anerem e Samschdeg och e komplette Beräich fir Retrospiller ginn, wou een dann op Konsole wéi der Nintendo 64 oder de Gamecube spille kann. Och nei Spiller, wéi Super Mario Bros. Wonder, deen nach net laang eraus ass, kann een hei testen an och gewannen.

Wien Fan vu Mario oder Nintendo ass, oder einfach sech fir de Gaming am Generellen interesséiert, fir dee lount et sech e Samschdeg op Jonglënster an der Centre Culturel ze goen. D'Diere ginn um 12 Auer mëttes op, dat bis 20 Auer owes. Weider Detailer an Informatioune ginn et hei!

RTL