Gutt Videospiller wieren dem André Melzer no eng Méiglechkeet, eppes bäizeléieren, ouni dass d'Léieren awer eng Belaaschtung duerstellt.

*Den André Melzer ass Psycholog, huet an Däitschland studéiert a promouvéiert a schafft zënter dem Joer 2008 op der Universitéit Lëtzebuerg, dat spezialiséiert an der Sozial- a Mediepsychologie. Seng Schwéierpunkte sinn déi interaktiv Medien, wéi sozial Medien a Videospiller a kennt sech dohier méi wéi gutt mat der Psychologie vu Kanner a Jugendlechen an der Welt vun de Videospiller aus.

An eisem 2. Deel vun eiser Serie iwwert d'Psychologie vun de Videospiller beliichte mer ënnert anerem d'Sucht bei Videospiller, wa Videospiller also deelweis problematesch ginn, respektiv am schlëmmste Fall krank maachen. Majo wat sinn dann iwwerhaapt, aus psychologescher Siicht, gutt Videospiller?

"Gute Videospiele bieten einem die Gelegenheit zu lernen und zwar auf eine Art und Weise, dass mir das Lernen nicht als Belastung erscheint. Da unterscheiden wir Menschen uns. Es gibt Videospiele die haben eine unheimlich hohe Lernkurve, das heißt wir müssen sehr lange erstmal verstehen lernen, wie dieses Spiel funktioniert. Da gibt es Menschen, die mögen das, die lieben das. Genau so wie es Leute gibt, die sich an schwierigen mathematischen Aufgaben gerne die Zähne ausbeissen, weil sie hoffen, dass sie die irgendwann lösen können. Das ist bei Videospiele ganz genau so. Es gibt aber auch andere Videospiele, die bieten einen sehr niedrigen Einstieg. Man hat das häufig mit sogenannten Tutorials am Anfang, also so einführende Übungen wo man so langsam an das Spiel und die Spielmechanik dran gewöhnt wird. Und die machen dann direkt von vorne herein Spaß."

Gute Videospiele - André Melzer

Et wier ëmmer wichteg, wéi e Spill konzipéiert ass a wat et ze bidden huet. D'Bandbreet vun de Spiller selwer ass esou breet gefächert, dass et wierklech fir all Typ vu Mënsch dat richtegt Spill oder Genre gëtt, dat op ee léiwer zu puer mateneen, géinteneen oder eleng spillt, sief et einfach Rätsel-Spiller oder méi komplex Simulatiounsspiller... All dëst gëtt et fir déi verschidde Leit, déi zu verschiddenen Interesse-Gruppe gehéieren.

RTL

© PHILIP FONG AFP

Majo grondsätzlech besteet awer ëmmer d'Méiglechkeet, dass Saachen déi eis belounen a glécklech maachen, mir ze vill dovunner wëllen a maachen. Dat kann iesse oder drénke sinn, dat kann en Hobby sinn oder och Drogen. Ma och Videospiller falen an dës Kategorie. Ganz laang huet d'Medie-Suchtfuerschung ugeholl, dass d'Dauer vum Spillen, also wéi laang ee virun der Konsol oder dem Gaming-PC hänkt, de wichtegste Krittär wier. Ma sou einfach wier dat awer net, sou den André Melzer:

„Wenn es danach ginge, dann müsste ich beispillsweise computersüchtig sein. Warum? Weil ich 8, 9, manchmal 10 Stunden am Tag am Computer arbeite. Es stellt sich also immer die Frage, was mache ich denn damit. Die reine Zeit ist kein guter Vorhersagewert ob es mir gut oder schlecht geht. Die Frage ist vielmehr: Was mache ich damit? Wozu mach ich das? Und was macht es mit mir? Also ich weiß, dass wenn ich zu lange am Computer sitze, es mir nicht gut geht."

Sucht no Videospiller - André Melzer

Dës Bewosstsinn, op et mir gut geet oder net, wier vill méi wichteg a géif vill méi eppes iwwert mäi Verhalen aussoen, wéi reng d'Spillzäit z'observéieren. An anere Wierder speist sech dëst gutt Gefill aus anere Facteure, wéi just d'Dauer vum Spillen. Soubal aner Saachen drënner leiden, géif et kritesch ginn, sou de Mediepsycholog. Soubal d'Schoulleeschtung kontinuéierlech méi schlecht gëtt, soubal meng Aarbechtsleeschtung méi schlecht gëtt, oder déi sozial Kontakter zeréck ginn, respektiv d'Frëndin/de Frënd, d'Famill, d'Kanner oder ee selwer mierkt, dass een sech distanzéiert, muss een dës Warnsignaler erkennen, well da géif et dem André Melzer no kritesch ginn. Déi reng Spillzäit seet hei däitlech manner aus.

Ma an de leschte Joren huet sech vill am Beräich Gaming gedoen, dat haaptsächlech och duerch d'Opkommen vum Internet. Spiller wéi Minecraft, Shooteren oder souguer och mëttlerweil Spiller vun Nintendo... praktesch kee Spill, egal wat fir en Genre, kënnt méi ouni Online-Mode aus, wou een da kann zesummen oder géintenee spillen, nei Leit kenneléieren oder Deel vun enger Community ginn. Hei géifen et onendlech vill Méiglechkeete ginn, fënnt den André Melzer:

„Das ist nicht immer nur positiv, auch das ist vollkommen klar. Wenn man sich bestimmte Spiele anschaut, die wirklich für ihre „toxische" Community bekannt sind. Das sind so Spiele wie Multiplayer-Online-Battle-Games wie "Leage of Legends" beispillsweise. Das ist so ein Spiel, das  weiss ich von Kolleginnen und Kollegen die da viel forschen, da kann die Community, wobei „Communtiy" ja eigentlich erst mal ein positiv konotiertes Wort ist, schon teilweise sehr negative Folgen haben. Das hänkt aber auch immer damit zusammen, wer sich da zusammenfindet. Es gibt andere Online-Spiele, die wirklech eine tolle, unterstützende, verständnisvolle Community haben."

Toxesch Community - André Melzer

Dëst, e wéineg iwwerraschend, och am Shooter-Beräich, wou een jo an sech denke géif, dass et grad do haart hier geet an ëmmer nëmmen ëm Competitioun geet, wou een deem aneren säi Géigner oder souguer Feind ass. Majo hei treffe sech awer trotzdeem Leit, déi de selwechten Hobby hunn an déi sech deelweis souguer och am private Liewen treffen a verstinn. Als Konklusioun hält den André Melzer also fest, dass Online-Gaming souwuel positiv wéi och negativ Aspekter kann hunn.

RTL

© BEATA ZAWRZEL via AFP

Lo gouf vill iwwer kompetitiivt Spille geschwat, ma wat an de leschte Joren vill opkomm ass, sinn déi sougenannte kooperativ Spiller, déi een och ëmmer méi am Beräich vun der Brietspiller erëmfënnt. Ma och Videospiller schloen ëmmer méi de Wee an, fir zesummen am Team an net ausschliisslech géinteneen ze spillen, dat souwuel online, wéi och offline. Den Erfolleg vum Team besteet meeschtens nämlech doranner, a wéi enger Aart a Weis d'Leit an dëser Ekipp zesummespillen.

Meeschtens ass et dann sou, dass een zwar scho kooperativ mat aneren Ekippemembere spillt, majo kompetitiv Elementer erhale bleiwen, wann een zum Beispill zesumme géint eng aner Ekipp oder géint de Computer spillt. Prinzipiell gesäit den André Melzer de Fait, dass een Ziler nëmmen dann erreecht, wann een zesumme schafft a kooperativ spillt, als positiv un. Dobäi kënnt, dass gutt Ekippe sech meeschtens diverse zesummesetzen an d'Spiller ënnerschiddlech Fäegkeeten, Stäerkten a Schwächen hunn, wéi dat och am richtege Liewen de Fall ass.

„Im normalen Leben gibt es dann jemanden der ne Gruppe anführt, dann gibt es Leute, die bestimmte Aufgaben haben und die müssen ihre Aufgaben meister. Nicht jeder kann alles, und genau so ist es auch in Online-Spielen. Dann gibt es halt beispillsweise die Person die vorne weggeht, die vielleicht die Aufmerksamkeit des gegnerischen Teams auf sich zieht, vielleicht auf Treffer einstecken muss. Dann gibt es andere in dem selben Team, die dann von hinten heilen oder dann gibt es Leute die auskuntschaften. Also da bilden die Videospielindustrie und die vereinzelten Videospiele im gewissen Rahmen dann durchaus auch etwas nach, das wir in der Realität auch finden."

Videospiller vs. normaalt Liewen - André Melzer

Glécksspill a Videospiller? Bestrofen duerch Entzuch?

Elementer vum Glécksspill a Videospiller, Stéchwuert Lootboxen a Mikrotransaktiounen, sinn dann awer fir de Mediepsycholog e richteg grousse Problem. Ënnert anerem an der Belsch, sinn dës Lootboxen jo och verbueden. Dëst si Këschten, déi een a Videospiller fanne kann, an an deene Géigestänn dra sinn, déi mol méi oder manner vill Wäert kënnen hunn, sief et well se seelen ze kréie sinn, oder well se einfach am Spill gutt si fir ze notzen. Wann een hei méi eng grouss Chance wëll hunn, da muss ee bezuelen. Dëst ass virun allem e Problem fir déi Leit, déi wéineg bis kee Verantwortungsgefill hunn, wat Geld ugeet. Dëst sinn an der Reegel meeschtens Kanner.

RTL

© SINA SCHULDT DPAdpa Picture-Alliance via AFP

Richteg problematesch ass et fir den André Melzer dann nach zousätzlech, wann een duerch esou Online-Keef mat richtegem Geld den Avantage am Spill selwer ka méi grouss ginn. Dëst wier dann nees en neien Ureiz an e Grond fir d'Elteren, nees de Portmonni ze zécken, well d'Kand jo dann doduerch besser a sengem Spill gëtt. Den Drock ass hei also en aneren, wéi wann d'Kand In-Game-Keef maache wëll, fir méi flott auszegesinn oder aner Kleeder ze kafen... Also sougenannte kosmetesch Elementer (Skins), déi just optesch Verännerunge mat sech bréngen, awer kee reelle Virdeel am Spill.

Vir d'Elteren ass et hei vill méi einfach z'argumentéieren, dass een dofir kee Geld ausgëtt, wéi fir d'Mikrotransaktiounen, déi engem en Avantage beim Spill bréngen an een doduerch besser maachen.

Wenn der Spielerfolg aber abhänkt von Echtgeld-Käufen, dann finde ich das im höchsten Maße bedenklich. Insbesondere sind dann Kinder gefährdet, die dann darauf reinfallen um den Erfolg zu erzwingen. Das ist etwas, was ich wirklich sehr sehr kritisch sehe."

Echtgeld a Videospiller - André Melzer

Hei sollen Elteren sech dann och nees froen, wat dat bréngt, wisou d'Kand dat wëll an sech dann och ganz kloer dozou entscheeden an sou Fäll haart ze bleiwen an „Nee" ze soen:

„Kinder kommen klar damit. Kinder kommen immer klar damit, wenn es nicht beim „Nein" bleibt, sondern wenn begründet wird. Warum sag ich nein? Das ist das Ding. Warum sage ich: Nein ich gebe dir nicht das Geld, dass du dir dieses Spiel kaufst, aus dem und dem Grund. Kinder kommen gut klar damit, wenn sie eine Begründung bekommen. Kinder kommen eher nicht gut klar damit, wenn sie einfach nur ein „Nein" bekommen."

Nee ass Nee? - André Melzer

Eng generell Altersgrenz fir Videospiller fënnt den André Melzer dann och schwiereg, well och hei nees d'Entwécklungsalter mam reellen Alter sech deels staark ënnerscheeden. Op der anerer Säit ginn et kleng Kanner, déi schonn am Alter vun ënner 2 Joer de Prinzip vum Wëschen um Smartphone schonn intus hunn. Problematesch gëtt et éischter, wann een Smartphone bei ganz klenge Kanner asetzt, fir se ze berouegen oder roueg ze stellen, also se wéi eng Suckel asetzt.

Grondsätzlech, sou den André Melzer, wier et problematesch, Medienzäit als Belounung ze verdeelen un d'Kanner. Wann d'Kanner méi al sinn, kann een duerchaus mol verhandelen an dëst diskutéieren, fir zum Beispill fir bestëmmt gutt Leeschtungen an der Schoul. Hei spillen awer den Alter vum Kand an natierlech och d'Wiese vum Kand eng Roll a musse vun den Eltere richteg bewäert ginn.

„Medienzeit darf keine universale Belohnung sein, man kann dann durchaus dann mal drüber sprechen, aber es muss auch andere Sachen geben. 'Ok du wolltest den Ausflug machen, die Schulleistung ist super, gut dann lass uns den Ausflug machen', 'die Schulleistung ist super, ok dann dieses Mal darfst du das Videospiel spielen oder habe'. Aber nicht grundsätzlich Medienzeit als universal glücklich-machende Belohnungseinheit verwenden. Das fände ich grundsätzlich falsch."

Medienzäit als Belounung - André Melzer

De Contraire dovunner wier et dann, säi Kand mat Videospill-Entzuch ze bestrofen. Dëst géif dem André Melzer no (wann iwwerhaapt) nëmme Sënn maachen, wann d'Videospiller de Grond sinn, dass et zum negative Verhale komm ass.

„Aber das Medium wegzunehmen für ein Ereignis das überhaupt nichts mit dem Medium zu tun hatte, finde ich 'nen falschen Weg, sondern Strafen sollten, wenn angewendet, angemessen sein und auf den Anlass bezogen sein. Und nicht etwas entfernt werden, von dem ich weiss, das wird dem Kind wehtun, was aber gar nichts mit der ursprünglichen Sache zu tun hat, die zu dem Ereignis geführt hat.“

Falsch Bestrofung - André Melzer

Et ass also deemno wéi vun Hëllef an och souguer gutt, wann ee seng Kanner mat Videospiller belount oder bestrooft, majo et ass awer dem André Melzer no wichteg, wéi een dat mécht a wat d'Grënn fir d'Bestrofung an natierlech och d'Belounung sinn.