De Bijouhiersteller Tiffany ass ënner anerem dofir bekannt, datt d'Bijouen an turquoisë Këschten dohierkommen. Do dra sinn zënter Neistem och Pokémon.

Dës Bijoue sinn an Zesummenaarbecht mam Kënschtler Daniel Arsham entworf ginn a schwätze Clienten un, déi sech wuel keng Gedanken ëm hir finanziell Situatioun maache mussen. Esou kascht de bëllegste Bijou 1.186 Euro, wougéint déi aner Bijouen aus der Gamm 9.106 Euro, respektiv 26.674 Euro kaschten. D'Bijoue kommen iwwerdeems den 1. Dezember 2023 op de Marché.

Wann ee bereet ass, 1.186 Euro fir e Kettenunhänger auszeginn, dann huet een de Choix tëscht am Ganzen 9 verschiddene Pokémon-Unhänger. Dorënner ënner anerem de Glumanda, de Schiggy, de Pummeluff, de Mew, den  Tragosso oder de Pikachu. Dës Unhänger sinn aus oxidéiertem Sterling-Sëlwer gemaach a ginn an enger turquoiser Këscht geliwwert.

Doriwwer eraus kritt een och nach zwee weider Pikachu-Unhänger ze kafen, déi aus 18-karätegem Gold gemaach gi sinn a mat Diamantakzenter dohierkommen. Fir dee méi kléngen Unhänger muss de Client 9.106 Euro op den Dësch leeën, wougéint beim groussen Unhänger 26.674 Euro ufalen. Als kléngen Extra ginn dës Unhänger dann och net an enger normaler Bijouskëscht geliwwert, mä et kritt ee se an engem turquoisë Pokéball virun d'Dier gestallt.

Leit, déi Interessi un dëse Bijouen hunn, kënne vum 1. Dezember un entweder iwwert den Online-Shop vun Tiffany & Co. zouschloen oder d'Unhänger direkt op der Plaz an de Butteker kafen. Dofir misst een allerdéngs kuerz virun der Feierdeeg nach op New York oder Tokio reesen.