"Baldur's Gate 3" gëtt Spill vum Joer

D'Rollespill huet et domadder dëst Joer op den Troun gepackt, dat obwuel d'Konkurrenz dëst Joer extrem staark war.
D'Team vu Larian hätt an de leschte 6 Joer "säin Häerz a seng Séil" an dëst Spill gestach, dat dacks ënnert "extrem schwieregen Ëmstänn", sou den Chef vum belschen Entwécklerstudio, de Swen Vincke. Wärend där Zäit wier Corona a senger Héichphas gewiescht an et hätt een um Wee vun der Entwécklung och Liet verluer.
D'Game Awards gëlle jo weltwäit als de wuel wichtegste Präis an der Videospill-Branche. Ënnert anerem waren d'Schauspiller Matthew McConaughey an Timothee Chalamet bei der Präisiwwerreechung dobäi.
D'Rollespill "Baldur's Gate 3", dat wéi gewinnt an engem Fantasie-Look dohier kënnt, huet niewent dem Haaptpräis vum Owend, och de Präis fir de beschte Community-Support, fir dat beschte Rollespill a fir dat beschte Multiplayer-Spill gewonnen, dat wéinst dem optionale Koop-Mode.
Fir d'Haaptkategorie waren och nach Alan Wake 2, Marvel's Spider-Man 2, Resident Evil 4, Super Mario Bros. Wonder an The Legend of Zelda: Tears of the Kingdom nominéiert.