Vum 2. Februar un organiséiert de Casino eng Ausstellung vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin, déi awer zu Berlin lieft a schafft.

Et erkennt een och zimmlech direkt, dass d'3D-Skulpturen a Printen vun der Kënschtlerin staark vu Videospiller an der Gaming-Kultur beaflosst sinn. Eng Iddi vun der Konscht vum Mary-Audrey Ramirez kritt een op sengem Instagram-Account.
Dobäi kënnt, dass Si och selwer e Videospill schonn entwéckelt huet, dat mam Numm "Forced Amnesia" a wäert dann och seng Première op der Expo hunn.

Domadder awer net genuch, de Casino wäert, ganz am Theema, nach weider Méiglechkeete fir ze spillen ubidden. Zesumme ma "Fit4Gaming" gëtt wärend der Dauer vun der Expo eng Auswiel u Spiller an der Bibliothéik zur Dispositioun gestallt, déi d'Visiteuren dann no Loscht a Laun natierlech och benotze kënnen.

De Vernissage vun dëser Austellung ass den 2. Februar an dauert da vum 3. Februar bis den 28. Abrëll 2024.

Weider Infoen ginn et och um offizielle Site vum Casino.