Den David Winter aus der Online-Redaktioun huet eis eng Partie wichteg Releasen erausgepickt.

Aus der Vue vun der Gaming-Welt war 2023 e vollgepaakte Joer, dat mat Spiller wéi Baldur's Gate 3, Diablo 4, Zelda – Tears of The Kingdom, Starfield oder Super Mario Bros. Wonder, fir se elo net all ze nennen. Majo och 2024 hält eng Partie Spiller prett, op déi een sech elo freeë kann, an och an noer Zukunft wäerten erauskommen.

Videospiller 2024 - Reportage David Winter

Ugefaangen mat engem Spill, dat schon am Joer 2017 op der E3 annoncéiert gouf an zënterhier iwwer 120 Milliounen Dollar u Produktiounskäschten opgebraucht huet. Rieds geet vum Adventure-Pirate-Spill "Skull and Bones" vun Ubisoft. D'Spill soll dann elo de 16. Februar erauskommen, dat fir all d'Plattformen ausser der Switch. Grond fir déi héich Produktiounskäschten, déi sou lues d'Limitten erreecht dierften hunn, an déi laang Produktiounszäit, waren eng Mëschung aus Konflikter bei den Iddien, Problemer beim Management an d'Feelen vun enger konsistenter Féierung. Et dierf ee gespaant sinn, wéi d'Endresultat wäert bei de Leit ukommen.

Weider da mat "Black Myth: Wukong" vum Entwéckler «Game Science», dat den 20. August 2024 erauskënnt. Heibäi handelt et sech ëm e Soulslike-Spill, also fir Amateuren vun Elden Ring, Dark Souls a Co. Bei dësem Spill dierft wuel de Vergläich mat Sekiro op der Hand leien. Mat der wonnerschéiner Grafik, dat wéinst der Unreal Engine 5, wäert dëst Spill wuel déi wichtegst Alternativ zu Souls-Spiller sinn.

Apropos: Och wann et kee Spill ass, ma just eng DLC, kënnt een awer net derlaanscht iwwert "Elden Ring: Shadow of the Erdtree" ze schwätzen. 2022 ass Elden Ring erauskomm an huet sech bis Mee 2023 iwwert 20 Millioune mol verkaft. Mam neien Addon dierften d'Fans sech allerdéngs fillen, sou wéi wann en neien Deel géif erauskommen. D'Fans sinn op alle Fall schon an de Startlächer. D'DLC soll am 2. Quartal vum Joer erauskommen, e geneeën Datum steet nach net.

Weider Spiller op déi een sech als Gamer am Januar nach freeë kann sinn zum Beispill d'Survival-Spill «Enshrouded» vu Keen Games oder den neie "Suicide Squad: Kill the Justice League" vu Rocksteady Studios.

Am Februar sinn et dann Titel wéi d'Action-Rollespill "Banishers: Ghosts of New Eden", e speziellt Survival-Spill mam Numm "Nightingale", a "Final Fantasy 7: Rebirth", alles Spiller déi héich op der Lëscht vu ville Leit dierft stoen.

Fir d'Strategie-Fans dierft d'Sci-Fi-Strategie-Spill "Homeworld 3" ufank Mäerz dat Richtegt sinn, Enn Mäerz wäert "Dragon's Dogma 2" d'Häerz vu Rollespill-Fans méi héich schloe loossen.

Spiller déi méi spéit dës Joer erauskommen, an déi et derwäert sinn, op alle Fall um Radar, sinn Hades 2, Manor Lords, Stalker 2, Frostpunk 2, Star Wars Outlaws oder och nach Dragon Age 4.