An engem Punkt si sech d'Gaming-Fans wuel eens: 2023 war en zimmlech gutt Joer fir d'Fans vu Gaming.

Et gouf eng ganz Partie grouss Spiller, déi z'erwaarde waren, ma awer och vill nei Spiller, déi iwwerrascht hunn an definitiv d'Gaming-Community beschägt gehalen hunn. Well manner dacks bei eis iwwert de Contenue vu Microsoft geschwat gëtt, loosse mir fir e klenge Réckbléck d'Maxi Gräff aus dem Ressort vun Xbox-Gaming zu Wuert kommen.

Microsoft Games 2023 - Reportage David Winter

E Spill, op dat d'Fans scho laang a mat vill Spannung gewaart hunn, ass «Starfield». Fir déi Leit, déi net wëssen, ëm wat et hei geet a wat fir en Entwéckler hei hannendru stécht, erkläert d'Maxi Gräff.

„Starfield ist das neueste Spiele-Universum von Bethesda Game Studios. Die haben unter anderem auch Elder Scrolls V: Skyrim und Fallout 4 entwickelt. Das Spiel selbst ist ein Weltraum-Action-Rollenspiel, hat eine riesige Spielwelt, spannende Story und du bist hier eben Mitglied der Constellation-Organisation und erkundest viele außergewöhnliche Planeten, erlebst zahlreiche Abenteuer. Das All steht dir hier offen, würde ich sagen."Ma laang genuch am Weltall gewiescht, elo nees zeréck op eise Planéit, méi genee op d'Rennpist, dat mat enger ganzer Rei u PS-staarken Autoen. Rieds geet vu Forza Motorsport, e Spill dat jo vun a fir Microsoft entwéckelt gouf. Also eng Rennsimulatioun...

„...mit sehr fotorealistischer Optik, hat Wettereffekte, dynamische Tages- sowie Nachtzeiten, die sich dann wiederum auf die Strecke und dein Fahrgefühl auswirken. Dabei stehen dir 500 verschiedene Autos und 20 weltberühmte Strecken zur Verfügung, die du entweder alleine im Einzelspieler- Karrieremodus erleben kannst oder wenn du dich gerne gegen andere Fahrer*innen messen möchtest, auch im Mehrspielermodus."

Majo ween awer net all Spill eenzel kafe well, ma léiwer Zougrëff op honnerte Spiller gläichzäiteg wëll hunn, fir dee kënnt eventuell de Game Pass a Fro.

„Den Game Pass gibt es einmal für PC und Xbox-Konsolen, aber auch beides zusammen, inklusive dann auch Zugriff auf Cloud-Gaming – damit kannst Du dann auch auf Deinem Handy spielen. Dabei schließt Du einfach das für Dich passende Abo ab – das kannst Du monatlich natürlich wieder kündigen – und bekommst direkt Zugriff auf hunderte Spiele sowie all unsere aktuellen, aber auch zukünftigen First-Party-Titel, die direkt zum Release auch im Game Pass erscheinen."