Sony huet déi nächst State of Play-Editioun offiziell annoncéiert, op där och eng Partie PS5-Spiller wäerte gewise ginn.

Hei wäerten et Updates zu schonn annoncéierte Spiller ginn, ma et wäerten awer och warscheinlech komplett nei Spiller presentéiert ginn.
Lass geet et wéi gesot e Mëttwoch, 31. Januar 2024 um 23 Auer eiser Zäit. Den Event selwer wäert ronn 40 Minutten daueren.

Ganz uewen op der Lëscht vun de Spiller déi presentéiert goufen, sinn "Rise of the Ronin" a "Stellar Blade". Dës Spiller dierften och garantéiert gewise ginn. Ma och weider Spiller solle gewise ginn, rieds geet vun iwwer 15 Spiller am Ganzen.

Weider Spiller déi am Gespréich sinn, sinn Death Stranding 2, Until Dawn, en neit Metro-VR-Spill, en neit Sonic-Spill, Silent Hill 2 Remake a Judas, dem neie Spill vum Createur vu BioShock.