Vum 3. Februar bis den 28. Abrëll kann een der Lëtzebuerger Kënschtlerin hir Ausstellung am Casino kucke goen. Gaming spillt hei eng grouss Roll.

Mary-Audrey Ramirez ass eng Lëtzebuerger Kënschtlerin, déi zu Berlin lieft a schafft an elo mat senger neister Aarbecht zu Lëtzebuerg ass, fir dës am Casino an der Stad ze presentéieren. Virdrun gouf "Forced Amnesia" am Hierscht 2023 an der Kunsthalle Gießen ausgestallt.

Och wann et net sou einfach ass, d'Wierker vum Mary-Audrey Ramirez ze beschreiwen an z'erklären, kann een awer kloer gesinn, vu wat seng Konscht inspiréiert ass, nämlech vun digitalen Techniken an natierlech Videospiller. "Ech si mat Videospiller opgewuess. Meng Schwësteren an ech hunn ëmmer gespillt an dat ass einfach en neie Medium fir eng Geschicht ze erzielen, wat mir bis haut nach ëmmer immens gutt gefält."

Zesumme mat enger AI kreéiert d'Kënschtlerin Kreaturen, respektiv Critters, wéi d'Kënschtlerin se selwer nennt. Duerch de Realismus, deen bei dëse fiktive Kreature matschwéngt an och sou gewollt ass, vermëscht sech liicht Fantasie a Realismus. Fir et an d’Wierklechkeet ze transportéieren, benotzt d’Kënschtlerin Stoff. Hir Konscht soll eng Erfarung sinn, an der Iddi datt d’Visiteure wéi Entdecker doduerch ginn oder wéi di éischt Mënschen op engem neie Planéit: "Fir mech ass et ëmmer e Kompliment wann ech gesot kréien datt et un eppes aus der Kandheet zum Beispill erënnert. Vill Leit vergläichen et mat Pokémon, et huet zwar fir mech wéineg domat ze dinn, mee et ass ëmmer interessant ze gesinn, dass d’Leit e Bezuch zu iergendeppes hunn. Ëm sou méi schéin, wann et e positive Bezuch ass."

Majo net nëmmen d'Biller an d'Skulpture vun der Lëtzebuergerin, ma och d'Konzeptioun an d'Opdeelung vun der Ausstellung am Casino, erënnert bei villen Elementer u Videospiller. Sou geréit een och emol an en "Dead End", d'Ausstellung ass esou vum Casino installéiert, dass ee vu verwénkelte Couloiren an deels monoton blo oder rout Reim, bis hin zu gigantesche Reim erakënnt, ma genee sou grousse Skulpturen, déi de Spectateur deels erschloen oder erféiere loossen.

RTL

© David Winter / RTL

D'Kënschtlerin selwer vergläicht dës grouss Skulpturen wéi beispillsweis Boss-Fights bei "Darksouls", déi och duerch hir Gréisst an nach méi grouss Reim de Spiller veronsécheren a kleng schénge loossen. A genee dat fillt een och bei der Erfarung vun der Expo "Forced Amnesia", et léisst ee sech ëmmer méi déif an déi fantasievoll awer och deels verstéierend Welt vum Mary-Audrey Ramirez an.

Majo domadder net genuch... well net nëmmen zitt d'Kënschtlerin Kreativitéit an Iddien aus der Welt vun de Videospiller, déi aus der Konschtwelt an sech net méi ewechzedenken sinn, well se selwer eng Konschtform duerstellen, ma déi komplett Aarbecht gëtt och an engem selwer dofir entwéckelte Videospill mam Numm "Forced Amnesia" festgehalen. Heibäi handelt et sech ëm eng immersiv Erfarung, an där een déi vill Kreaturen, respektiv Critters, déi een an der Ausstellung gesäit, och hei nees begéint.

Mary-Audrey Ramirez: "Well ech Kënschtlerin sinn, muss ech och ëmmer Reim gestalten. An di läscht Joren ass et ëmmer erëm dozou komm datt ech Ausstellungen hat a mir virgestallt hunn dass dat en neie Level ass. Duerch Subside war et elo méiglech endlech e Spill ze entwéckelen."

RTL

© David Winter / RTL

"Die Welten die sie erschafft in ihrer Kunst waren bisher noch nicht wirklich spielbar und erlebbar und das sind sie jetzt nun, was der Grund ist warum wir dieses Spiel gemacht haben", sou de Max Kreis, techneschen Artist an zoustänneg fir d'Programmatioun vum Spill.

6 Méint huet d'Team ëm de Max Kreis, de Jannis Szeder an d'Nora Marie Back un dësem Spill geschafft, wat extrem kuerz ass fir e Spill. No der Expo kéint sech de Prozess souguer nach ëm Jore verlängeren, et wier een eben bei sou Projeten ni wierklech zefridden. Och si gesinn e Spill als e Konschtwierk un. Genee sou wéi e Moler mat Ueleg molt, engem Medium dat jo extrem laang fiicht an dohier verännerbar ass an dohier ëmmer nees eppes verännere kann, ass dat och bei der Entwécklung vun engem Videospill. E Moment wou ee seet, elo ass ee fäerdeg oder elo wier genuch, géif et net wierklech ginn.

RTL

© David Winter / RTL

Am Moment dauert d'Spill ronn 20-30 Minutten an ass vergläichbar mat engem méi rouegen an entspaante Spill, vergläichbar mam Genre vun "Journey". Et hätt een awer wëlles, esou d'Mary-Audrey Ramirez, d'Spill weider auszebauen, fir dass nach méi "Critters" spillbar ginn an sou och d'Dauer vum Spill méi laang gëtt. Et ass och geplangt d'Spill gratis op Steam erauszebréngen, fir dass de Grand-public et och spille kann.