No nëmmen 2 Wochen huet en neit Phänomen an der Gaming-Welt dem Hiersteller no iwwer 19 Millioune Spiller erreecht.

Dovunner 12 Milliounen op Steam an nach eemol eng wieder 7 Milliounen op der Xbox. Rieds geet hei vu "Palworld" vum Entwéckler Pocket Pair, engem neien Open-World Spill, bei deem d’Ähnlechkeeten mam Nintendo-Meilesteen "Pokémon" net z’iwwersi sinn.

Bei de Leit schéngt d'Spill op alle Fall gutt unzekommen, oder?

Et handelt sech heibäi ëm deen drëttgréisste Release vun engem Net-Microsoft Spill an der Geschicht vum Xbox Game Pass, mat deem een d’Spill als Xbox-Besëtzer jo spille kann. An de leschten Deeg huet Palworld bal 3 Millioune Spiller gezielt, déi sech all Dag ageloggt hunn, kee Spill gëtt am Moment méi intensiv gespillt.

Am Moment, esou Microsoft selwer, géif een enk mam Studio vum Spill zesummeschaffen, dat virop elo Mol fir déi bekannte Buggs, also Feeler am Spill, ze behiewen. Majo och nei Elementer, Add-Ons a souguer un enger Crossplay-Funktioun tëscht Steam an Xbox gëtt geschafft. Hei muss ee wëssen, dass d’Spill vum japaneschen Entwéckler am "Early Acces" ass, also souzesoen nach an der Test-Versioun. Bei Steam kascht d’Spill iwwregens bal 30 Euro.

Ëm wat geet et iwwerhaapt an deem Spill?

D'Spill ass virun allem eng Mëschung aus verschiddenen Elementer aus dem Gaming, dorënner ënnert anerem dem Entdecke vun der Welt an där ee lieft, dem Survival-Element an dem Baue vu Siidlungen. Bei de sougenannte Pals handelt et sech ëm kleng Monsteren mat ënnerschiddleche Fäegkeeten, déi sech, ganz änlech wéi déi weltbekannte Pokémon vun Nintendo, ziichten, trainéieren an tausche loossen.

An dës Pals hëllefen engem dann dobäi säi Räich auszebauen oder ze protegéieren, ma kommen awer och an den Asaz fir Waffen, Liewensmëttel a weider Ressourcen hierzestellen. Dat Ganz kann een dann och mat bis zu 32 aner Spiller op Steam maachen, op der Xbox ass een elo mol op 4 Spiller limitéiert.

Wéi gesäit et fir Besëtzer vun der Switch an der Playstation aus?

Fir dës Konsole gëtt et d'Spill net. Oder soe mer nach net, well wéi et heescht, géif een sech drëms beméien, fir d'Spill och fir dës Plattformen erauszebréngen. Wéini dat genee soll sinn, ass awer nach absolut net gewosst, sou dass ee sech hei wuel zimmlech sécher nach eng Zäitche gedëllege muss.

Ma et schéngt awer sécher ze sinn, dass dëst natierlech e weidere positiven Effekt op d'Verkafszuele vum Spill dierft hunn. Am Moment hu sech d'Zuelen nämlech quasi agependelt, sou dass de Release op anere Konsolen deem Ganzen nach eemol e Boost dierft ginn.

Kritik um Spill gëtt et, wéi ee liest, vun Ufank un...?

Wann een sech d'Spill ukuckt, falen direkt deels staark Ähnlechkeeten bei der Spill-Mechanik a bei der Optik vum Spill mat anere Spiller wéi Pokémon, Digimon a Co. op. Virun allem d'Parallelle mat Pokémon sinn net vun der Hand ze weisen. Hei sollen et och scho juristesch Schrëtt ginn, ma erauskomm ass bis ewell relativ wéineg.

Dobäi kënnt, dass d'Spill am Verdacht steet eng KI benotzt ze hunn, fir eenzel Elementer am Spill ze generéieren. An dëst géif géint d'Transparenz-Reegele vu Steam verstoussen, déi zënter dem 10. Januar gëllen. Bis ewell konnten dës Virwërf awer net beluecht ginn.