Ass eppes drun un de Rumeuren oder gëtt no enger Annonce u Microsoft aus enger Méck en Elefant gemaach?

Ënnert anerem geet et jo hei ëm exklusiv Spiller, déi an sech ausschliisslech fir Microsoft erauskomm sinn, an déi elo och fir d'Playstation 5 an Nintendo Switch sollen erauskommen, beispillsweis "Starfield", fir elo just een ze nennen.

Den Xbox-Chef Phil Spencer huet op der Plattform X dann och elo e "Business Update" vu Microsoft annoncéiert, dat fir op d'Rumeuren anzegoen, déi am Moment vill an hefteg op de soziale Medien gedeelt an diskutéiert ginn.

Majo weider ginn et Spekulatiounen iwwert d'Fro, ob d'Deeg vun enger eegener Konsol vu Microsoft mëttlerweil gezielt wären, vue dass Xbox jo seng Exklusivitéit wéilt op de concernéierte Spiller opginn. Aner Insider allerdéngs schwätzen dovunner, dass eng nei Konsol, also déi nächst Generatioun, schonn 2026 op de Marché komme soll.

Rieds geet souguer vun enger "normaler" Konsol an enger méi bëlleger Handheld-Versioun mat Dockingstatioun, änlech wéi beim Modell vun der Nintendo Switch.

Äntwerten op d'Suerge vun de Fans wäerten et dann wuel déi nächst Woch um "Business Update" ginn, sou dass dann endlech e wéineg Opklärung fir d'Fans dierft kommen.