Laang hunn d'Fans op éischt Biller an en Datum misste waarden, elo goufen se erléisst. D'Pre-Orders fir d'Spill sinn dann och elo op.

FromSoftware huet fir déi éischte Kéier Gameplay-Zeenen aus der neier a laang erwaarter Elden-Ring Erweiderung gewisen. Nei Regioune, Waffen an natierlech Géigner sinn hei ze gesinn. D'DLC soll den 21. Juni erauskommen, dat fir PC, PS4, PS5 an Xbox Series X.

D'DLC soll 40 Euro kaschten, de komplette Bundle mam Basis-Spill gëtt et fir 80 Euro.

Wéi et heesct soll niewent der DLC dann och nach e Mobile-Spill erauskommen, un deem grad géif geschafft ginn. Et soll sech hei natierlech net ëm e Port handelen, ma ëm een eegestänneg adaptéiert Spill aus dem Elden Ring-Universum a soll dem Spill "Genshin Impact" änelen. D'Entwécklung fir d'gratis Spill géifen awer bis ewell nëmme lues lafen.