Neie Super-Mario-Film kënnt 2026 an de Kino

© Nintendo / Illumination Entertainment
Zënter e puer Joer gëtt um 10. Mäerz de Super-Mario-Dag gefeiert. Nintendo notzt dësen Dag fir nei Nouvellen zum berüümte Blechschléier ze verëffentlechen.
Nieft diverse Verëffentlechungssdatumer vun neie Super-Mario-Spiller an Annoncë vun neie Lego-Modeller ass wuel déi wichtegst Nouvelle fir jiddwer Fan vum Pilzkinnekräich gewiescht, datt Nintendo zesumme mat Illumination Entertainment un engem neie Kinosfilm ronderëm de Mario a seng Frënn schafft. Dobäi ass scho gewosst, wéini de Film an d'Kinoe komme soll. De Film soll weltwäit den 3. Abrëll 2026 verëffentlecht ginn. Dëst huet de Shigeru Miyamoto, den Erfinder vu Mario, Zelda a Co., op de soziale Medien ugekënnegt.
Produzéiert gëtt de Film op en Neits zu Paräis vun Illumination Entertainment ënnert der Regie vun de Regisseuren Aaron Horvath a Michael Jelenic.