An de leschte Joren huet sech op der ganzer Welt d'Pokémon-Kaartespill grousser Beléiftheet erfreet. Och de Grand-Duché ass do keng Ausnam.

Esou wiisst zu Lëtzebuerg d'Pokémon-Kaartespill-Community vun Dag zu Dag. Dowéinst hu sech e puer Leit zesummegedoen, fir d'Fans vum Pokémon-Kaartespill zu Lëtzebuerg ze regroupéieren a fir sech a reegelméissegen Ofstänn ze duelléieren. Dës Treffe fannen am Kader vun der "Luxtra Reserv League" statt, enger Liga an där Spiller a Spillerinne mat hire Pokémon-Kaarten-Decks géinteneen untriede kënnen.

Bei der "Luxtra Reserv League" handelt es sech ëm eng Kollaboratioun tëscht dem "Le Reservoir", engem Videospillgeschäft an der Stad Lëtzebuerg, an der lëtzebuergescher Gaming-Community "Team Lëtzebuerg", déi iwwert vill Joren ewech Nintendo-Turnéieren a Manifestatiounen organiséiert huet.

Am Februar 2023 gouf d'Liga vum Dino Duarte an d'Liewe geruff. Waren ufanks just 4 Leit op de Spilldeeg present, esou sinn et mëttlerweil méi wéi 20 Spiller a Spillerinnen, déi reegelméisseg laanscht kucken a virun allem spille kommen. Dobäi gëtt sech net nëmmen op d'Pokémon-Kaartespill beschränkt, mä och Pokémon-Videospiller op der Nintendo Switch souwéi d'Pokémon-Handyspill Pokémon Go ginn op der Plaz entweder mat- oder géintenee gespillt.

Eemol am Mount bitt de Reservoir an Team Lëtzebuerg de passionéierte Spiller vun der Pokémon Welt d'Méiglechkeet, fir sech zesummen an der Stad ze duelléieren. D'Participatiounskäschte pro Turnéier leien dobäi bei 5 Euro. Dëst well d'Pokémon Company de Spiller op all Spilldag en exklusive Pokémon-Kaarte-Pak gëtt, deen et just ob dësen exklusiven Eventer gëtt!
An Zukunft wëll een d'Eventer allerdéngs net nëmmen op d'Stad Lëtzebuerg limitéieren. Esou sinn och Eventer zu Miersch an zu Schëffleng geplangt, fir datt jiddwereen eng Kéier un esou engem Turnéier deelhuelen a sech e streng limitéierte Kaarte-Pak séchere kann.

Sollt och Dir elo un der "Luxtra Reserv League" interesséiert sinn, da kënnt Dir Iech op de sozialen Netzwierker vun Team Lëtzebuerg (Facebook, Instagram, Websäit) iwwert déi verschidden Evenementer informéieren, soudatt och Dir deemnächst d'Chance hutt, fir Iech kënne mat anere Pokémon-Fans ze moossen.