Architektur a Landschaftsbiller bei Open-World-Videospiller

© David Winter / RTL
En Donneschdeg den Owend war de promouvéierte Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg op Besuch, fir iwwert d'Bedeitung vun Architektur a Videospiller ze schwätzen.
Den Dr. Marc Bonner huet Konschtgeschicht, Informatiounswëssenschaften a Geschicht op der Universitéit am Saarland studéiert an huet sech a senger akademescher Lafbunn virun allem op d’Duerstellung an d’Asetze vun Architektur a Landschaftsbiller bei Videospiller a Filmer spezialiséiert.
Wéi wuel déi meeschte Leit, huet och de Marc Bonner seng éischt Kontakter mat der Videospillwelt an der Kandheet gehat. Ugefaange mat "Pong" um Röhrefernsee, krut hie spéider e Commodore 64, op deem hien dann och déi éischt Adventure-Spiller gespillt huet. Och wann d’Spiller op dëser Konsol nach ganz zimmlech simpel, "rudimentär" a linear waren, war et eppes ganz Neies a Spannendes fir heen.
Wéi d’Spiller dunn dräidimensional goufen, huet sech vir hien dat raimlecht, architektonescht Potential vu Videospiller réischt sou richteg manifestéiert, dat verstäerkt nach eemol an den Open World-Spiller, déi mam Fortschrëtt an der Gaming-Welt ëmmer méi opgedaucht sinn. Fir den Dr. Marc Bonner ass d’Videospill dat interessantsten an och faszinantste Masse-Medium dat mer aktuell hunn. Grond hei fir ass fir hien ganz kloer d’Element vun der Interaktioun vum Konsument am Medium, dat sou natierlech net a Film, Literatur a Molerei ze fannen ass.
De Fokus a senger Fuerschung ass de kulturhistoreschen Aspekt vu Videospiller, also wéi hei Landschafte gebaut a kreéiert ginn a wat se iwwert eis kulturell Vergaangenheet aussoen. Hei tauchen dann op eemol US-amerikanesch Nationalparken am Spill "Horizon Forbidden West" op, englesch Gäert an "Assassin’s Creed Odyssey" oder et fiert ee mat sengem Auto duerch eng eenzegaarteg Representatioun vu Süd-Kalifornien am Spill GTA 5.
Dacks geet vun deene Spiller fir de Fuerscher e wéineg e kolonialistesche Charakter aus, e Vibe dee matschwéngt, eppes dat fir de Marc Bonner dacks schwiereg ass an hien och a sengem Buch kritiséierte.
En anert Beispill hei ass "Red Dead Redemption 2", wou jo ëmmer méi Bëschlandschaften wärend dem Spillverlaf verschwannen an d’Stied méi grouss ginn an sou op ekologesch Problemer opmierksam maachen. Ma dës Spiller wieren dem Bonner no am Moment nach eng kloer Ausnam.
Niewent der Representatioun vun der Natur, interesséiert sech de Marc Bonner awer och staark fir d’Analogien mat eiser Architektur. Le Corbusier, Bauhaus oder Frank Lloyd Wright fënnt een dann op eemol an der architektonescher Gestalltung a Spiller oder an der Konzeptioun vu Raim erëm, dat net nëmmen a Gebaier, mä speziell och an der Natur generell, beispillsweis an der Opdeelung vun enger Hiel an engem Urwald.
Ma awer och Spiller, déi ganz experimentell mat Raumvirstellung ëmginn, an deene physikalesch Gesetzer verréckt spillen an och deels meta-reflexiv sinn, interesséieren de Marc Bonner. "The Stanley Parable" wier hei eent vu ville Beispiller.

Videospiller sinn, dat huet een och nees beim Virtrag am Casino gemierkt, op alle Fall an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm a ginn net méi wierklech, respektiv ausschliisslech, op eng Spillsaach reduzéiert, ma si scho laang e Massemedium a Sujet vu Konscht a Fuerschung op der ganzer Welt an niewebäi och e Milliarde-Business, op deen een och ekonomesch net méi ka verzichten.
Hei de kompletten Interview dee mir mam Dr. Marc Bonner gefouert hunn
Wéi koum den Interessi u Videospiller?
Wat interesséiert dech sou staark un Open-World-Spiller?
Wat kënnt der eis iwwert Genren a Settingen a Videospiller soen?
Gëtt engem eng Open-World a Spiller wéi Metroid a Zelda fir d'Super Nintendo scho suggeréiert?
Wat huet sech un de Prinzipien bei Open-World Spiller geännert am Verglach zu virun 20-30 Joer?
Kéint eis reell Welt eng Kéier komplett an detailléiert engem Videospill representéiert ginn?
Wat halt dir aus ärer Perspektiv vu Side-Quests a Spiller?
Gi Videospiller hautdesdaags seriö genuch als Konschtform geholl?
Hei dem Dr. Marc Bonner seng Publikatiounen, déi fräi zougänglech an digitaler Form ze kréie sinn
Offene-Welt-Strukturen: Architektur, Stadt- und Naturlandschaft im Computerspiel. Büchner Verlag 2023. Open access
Game | World | Architectonics – Transdisciplinary Approaches on Structures and Mechanics, Levels and Spaces, Aesthetics and Perception. Heidelberg University Publishing 2021. Open access
On Striated Wilderness and Prospect Pacing: Rural Open World Games as Liminal Spaces of the Man-Nature Dichotomy, In DiGRA 2018. The Game is the Message, Conference Proceedings, pp. 1-18. DiGRA library