E Samschdeg den 30. Mäerz invitéiert déi lëtzebuergesch ASBL "Letz Smash" tëscht 10 an 20 Auer op Biereng an de "Salle Communale" fir Nintendo-Turnéieren.

Am Ganze ginn op dësem Event zu Biereng (5 Rue Wenzel, L-7593 Beringen) véier verschidden Turnéieren organiséiert, déi alleguer eppes mat Nintendo, respektiv mat Pokémon ze dinn hunn. Leit, déi interesséiert sinn, kënne sech online fir folgend Turnéieren umellen:

  • Super Smash Bros.
  • Mario Kart 8 Deluxe
  • Pokémon TCG
  • Pokémon Go

D'Participatioun fir de Super-Smash-Bros.- souwéi fir de Mario-Kart-8-Deluxe-Turnéier ass gratis, fir déi aner zwee Turnéiere falen allerdéngs 5 Euro Participatiounskäschten un.

Allerdéngs kommen och Leit, déi net un den Turnéieren interesséiert sinn, voll op hir Käschten. Nieft Iessens- a Gedrénksstänn ginn et deen Dag och Gaming-Statioune mat diverse Videospillkonsolen souwéi Handhelds, op deenen déi ganz Famill spillen däerf a sech och mat anere Famillje moosse kann. Doriwwer eraus gëtt et och eng Retro-Statioun mat méi eelere Videospillkonsolen a Videospiller, op deenen déi jonk Gamer déi al Spiller, mat deenen hir Elteren opgewuess sinn, kenneléiere kënnen. Fir op dëse Statioune spillen ze kënnen, fale keng Käschten un, soudatt jidderee laanscht kucke kommen souwéi an déi digital Welten vu Mario, Yoshi, Link, Kirby a Co. andauche kann.

Organiséiert gëtt dësen Event vun der lëtzebuergescher Associatioun "Letz Smash", déi am Joer 2021 gegrënnt gouf. Op Säite vun den Organisateure vu "Letz Smash" heescht et, datt si am Joer 2024 tëscht 4 a 5 eSports-Eventer am Groussraum Miersch organiséiere wëllen. Doriwwer eraus ass "Letz Smash" och eng eSports-Ekipp, déi sech op d'Super-Smash-Bros.-Rei fokusséiert huet an am Ganze 500 Spiller a Spillerinne regroupéiert.

Sollt Dir elo interesséiert sinn, en Deel vun dëser Communautéit ze ginn, da kënnt der Iech gären op der Websäit vu "Letz Smash" informéieren an Iech mat hinnen a Verbindung setzen.