Bei dësem Puzzle-Event, bei deem iwwregens ganzer 145 Ekippen matgemaach hunn, hunn d'Lëtzebuerger bewisen, dass se fir un der Spëtzt kënne mathalen.

12 Stonnen Zäit, fir sou vill Puzzelen ze maachen, respektiv Puzzle-Stécker ze leeën, wéi méiglech. D'Ekipp dat no der Zäit am meeschte verbaute Stécker geséchert huet, ass de Gewënner. Wat sou einfach kléngt, ass an sech just eppes fir absolut Puzzle-Profien, respektiv Leit, déi einfach passionéiert gären a vill Puzzle maachen.

Ënnert anerem hu sech och d'Lëtzebuerger Spillerinnen Catherine Beck, Joyce Petry, Kati Pickar, a Lenka Pettman (kënnt aus der Slowakei, wunnt awer zu Lëtzebuerg), sou wéi eng geléinte Spillerin vun der Spillfabrik, dësem Challenge de 16. Mäerz zu Arel gestallt, dat als e sougenannten Testlaf fir d'Weltmeeschterschaft am September 2024 zu Valladolid a Spuenien.

Schlussendlech ass dësen Test dann och exzellent gelaf fir d'Lëtzebuergerginnen, dat mat enger sensationeller 4. Plaz, dat bei wuelverstane ganzer 145 Ekippen. An der Ekipp déi gewonnen huet, war ënnert anerem d'Italienerin Chiara Dellantonio dobäi, déi momentan Nummer 8 Puzzlerin op der Welt. D'Lëtzebuergerinne sinn dohier "ganz zefridden" mam Resultat.

Speziell war dann hei och, dass net, wéi sou dacks, Ravensburger-Puzzelen an den Asaz koumen, mä Puzzelen vun Jan van Haasteren oder WasGij. Schlussendlech huet d'Ekipp an 12 Stonnen 8.569 Stécker unenee gesat.

Wann dir och elo eventuell interesséiert sidd a méi Informatioune braucht, wou een zu Lëtzebuerg puzzele kann, respektiv där wéilt selwer gären op sou Eventer matmaachen, ginn et weider Informatiounen um Instagram-Site vum Catherine Beck.