Den 30. August 2024 ass Release

© Ubisoft
Obwuel et sech beim Spill ëm en 1-Spiller-Offline-Spill handelt, muss een awer trotzdeem online sinn, fir et iwwerhaapt spillen ze kënnen.
Beim neien Open-World-Spill vun Ubisoft kënnt ee wuel net laanscht eng Internet-Connectioun derlaanscht, och wann dat wuel mëttlerweil just nach fir déi allermannste Leit e Problem dierft duerstellen.
Enn August kënnt d'Spill jo fir de PC, Xbox Series X an S, sou wéi fir d'PS5 eraus. Hei klëmmt een an d'Roll vum Kay Vess, enger Schmugglerin, dat et mat Verbriecher-Organisatiounen aus der ganzer Galaxie ophëlt.
Majo fir déi physesch Kopie vum Spill awer kënnen z'installéieren, wäert een, neisten Insider-Informatiounen, wuel trotzdeem eng Internetverbindung mussen hunn. Dëst ass warscheinlech néideg, fir den Day-One-Patch direkt erofzelueden, ouni dëse Patch kann d'Spill guer net bis starten.
An dës Restriktioun soll Ubisoft no fir all Plattform gëllen, op där d'Spill erauskënnt. No der Installatioun, sou den Trouscht, muss een awer net méi online sinn. Et bleift dohier ze hoffen, dass um Release-Dag vum Spill de Server bei Ubisoft net an d'Gette geet, well et soss natierlech zu Retarde kënnt, an een net direkt spille kann.
Kuckt een allerdéngs an d'Zukunft, kéint et sinn, dass ee physesch Spiller, déi bei de Leit am Schaf stinn, iergendwann net méi spillbar kéinte sinn, dat wann de Server vum Spill géif down goen. Hei dierft et denkbar sinn, dass sou Spiller eventuell nach eemol e Release kréien, dat dann mam Patch direkt vun Ufank un inclus.