Gewannt WWE 2k24 fir d'Playstation 5

De Wrestling-Event feiert dëst Joer seng 40 Joer, Grond genuch fir an der Spill-Serie eng Partie Héichpunkten dëst Joer an d’Spill ze bréngen.
Bei de meeschte Sportaarte ginn et Eventer, déi ënnert allen aneren ervirstiechen: Wimbledon beim Tennis, de Superbowl beim American Football oder d’Véierschanzentournee beim Schisprangen. Och beim US-amerikanesche Wrestling gëtt et een Event, dat fir Drama a sportlech Leeschtungen steet. Riets geet vu WrestleMania. Wien sech dofir interesséiert, an och nach Fan vu Videospiller ass, dee soll elo d’Ouere spëtzen.
An dëse Wrestling-Event feiert dëst Joer seng 40 Joer, Grond genuch fir an der Spill-Serie WWE 2k eng Partie Héichpunkten a grouss Staren dëst Joer an d’Spill ze bréngen. An och en eegene neie Mode gouf am Spill agefouert, sou de Bryan Williams, de Gameplay Producer vu WWE 2k24.
"In ‘2K’s Showcase of the Immortals’, we included some of the most iconic WrestleMania moments of all time: Hulk Hogan facing off with Andre the Giant. Stone Cold refusing to quit against Bret Hart. Bianca Belair proving she was ready for Asuka. Cody Rhodes coming so close to finishing his story. With 21 matches across five decades of WrestleMania history, this showcase will bring the nostalgia for long-time fans and newer WWE fans alike."
Iwwer 200 WWE Superstaren stinn am Spill zu Auswiel, firm at deenen d’Arena onsécher ze maachen, dorënner Legenden wéi de Shawn Michaels oder den Undertaker, ma och aktuell Stare wéi d’Rhea Ripley oder Cody Rhodes. Och bei de Spill-Modes gëtt et e grousse Choix.
"We actually got four new match types this year. ‘The Ambulance Match’, and ‘Gauntlet Match’ are all new for WWE 2K24. The Backstage Brawl – a huge fan favorite – now features 4-player-support. The Royal Rumble now offers support for 8 online players. And we have also added a ton of gameplay improvements that we are sure fans will love."
WWE 2k24 ass fir PlayStation, Xbox a PC erauskomm.