Den éischten Trailer a Video vum neien Assassin's Creed Shadows kritt am Moment ongewéinlech vill Dislikes.

Den Trailer vun der Weltpremière vum Spill um offizielle Kanal vun Ubisoft gouf schonns iwwer 8 Millioune Mol gekuckt. Méi wéi duebel sou vill Dislikes wéi Likes ginn et mëttlerweil um Video. Änlech gesäit et um offizielle Playstation-Channel op Youtube aus.
Grond dierft virun allem de Charakter "Yasuke" ze sinn. Hei géifen et zwar historesch Opzeechnungen zu dësem Mann ginn, deen aus Afrika soll stamen an zu lescht ënnert dem Warlord Nobunaga Oga soll gedéngt hunn. Ma dësen Zäitraum a Japan wier awer gréisstendeels ondokumentéiert, sou dass et keng wierklech Fakten dozou ginn.

De Personnage vum Yasuka gouf schonn an anere Spiller, Mangaen an Animeën opgegraff. Wat vill Fans awer nach weider opreegt, ass de Fait, dass et beim éischten Assassin's Creed deen historesch a Japan spillt, iwwerhaapt keng männlech, japanesch Haaptcharakteren huet. Och wann Ubsioft bei Assassin's Creed sech ëmmer nees Fräiheete geholl huet, ginn awer hei déi historesch Ongenauegkeeten méi staark wéi soss kritiséiert.

Kuckt een sech awer d'Zuele vun de Pré-Commanden un, erkennt een awer, dass déi ganz gutt lafen a weist, dass zwar dacks déck Bake gemaach ginn, ma eng Majoritéit awer voll a ganz hannert dem Projet steet.

Assassin's Creed Shadows kënnt de 15. November 2024 eraus, dat fir PC, Playstation 5 an Xbox Series X an S.