A sengem posthum publizéierte Roman hëlt de Georges Hausemer de Lëtzebuerger Literaturbetrib zergutts op d'Schëpp.

Den 13ten August d'lescht Joer huet de Georges Hausemer eis fir ëmmer verlooss. Viru sengem Doud hat en awer nach e Projet ofgeschloss den elo als Buch erauskomm ass. "Kleine Luxemburgische Literaturgeschichte" ass déi iwwerschaffte Versioun vun engem Buch dat virun 30 Joer publizéiert gi war, an dat de Lëtzebuerger Literaturbetrib op eng bësseg, satiresch an amüsant Manéier op d'Schëpp hëlt. D'Bea Kneip huet et gelies.

Kleine Luxemburgische Literaturgeschichte

"Kleines luxemburgisches Sittenbild", dat war den Titel vun dem Roman den 1989 an engem däitsche Verlag erauskoum. Zënterhier huet sech natierlech vill verännert, zu Lëtzebuerg an iwwerall op der Welt. Munches awer verännert sech ni, an sou huet de Georges Hausemer, zesumme mat senger Fra a literarescher Matstreiderin Susanne Jaspers decidéiert, d'Buch ze aktualiséieren an nei erauszebréngen. D'Geschicht u sech gëtt aus der Siicht vun engem literaresch komplett onbedarfte jonke Mann erzielt, deen eng nei Aarbechtsplaz als Verlagsvertrieder beim renomméierte Luksbuks-Verlag untriede soll. Nodeems d'Frëndin e verlooss huet, an säi Pass net méi opzefannen ass, wëll de Protagonist, dem säin Numm mer ni gewuer ginn, elo en neit Liewen ufänken. Dësen Neiufank féiert hien an déi wonnerbar skurril Welt vum Lëtzebuerger Literaturbetrib wou sech Personnagen mat Nimm wéi Willy Kilmusch, Lucky Lambda, Bruno Blonski oder Robi Robinet tummelen, oder awer den Theo Selmer, Starauteur beim Luksbuks Verlag.  Theo Selmer? Dat kënnt engem dach bekannt vir...

An tatsächlech fënnt een zum Beispill an der Nicole Sahl hirem Wierk "Kleines ABC der Pseudonyme in Luxemburg" den Numm Theo Selmer als Pseudonym vum Georges Hausemer.

"Kleine Luxemburgische Literaturgeschichte" ass natierlech als Satire op d'Literaturzeen ze verstoen. Ähnlechkeete vu verschiddene Personnagen mat liewenden oder verstuerwene Persounen si sécher reng zoufälleg, woubäi den Zoufall hei awer nawell  zolitt seng Fangeren am Spill hat.  A wa mer scho bei den Extremitéite sinn, da kéint den een oder aneren sech emol op d'Zéiwe getrëppelt fillen. Dat kann een dem Auteur awer sécher verzeien, zemol en sech selwer jo net verschount.

Wien sech e bësse mat der Lëtzebuerger Literaturzeen auskennt, dee fänkt natierlech direkt un ze rätselen wéi eng reell Persoun sech hannert dësem oder deem fiktive Personnage verstoppt. Mä natierlech muss all Lieser sech déi Froe selwer beäntweren, an et huet wuel och net all Personnage eng reell Virlag. Et ass awer net just e Buch fir Insider, och wann een déi eenzel Acteuren net esou genee kennt, ass d'Geschicht nawell amüsant ze liesen, a villes trëfft net just op Lëtzebuerg an och net just op d'Literatur zou. Sollt elo ee Grond hunn, mam Georges Hausemer rosen ze sinn? Ech mengen net. Dass eis national Literaturzeen genuch Material hirgëtt fir esou e satiresche Roman, heescht jo am Fong just dass eppes lass ass an der Literatur. An doriwwer kann een sech dach nëmme freeën!

"Kleine Luxemburgische Literaturgeschichte" vum Georges Hausemer ass bei Capybarabooks erauskomm.

RTL

© RTL/Bea Kneip