SüdafrikaNom Doud vun zwee Touristen: Kruger-Nationalpark verschäerft Sécherheetsmesuren

RTL mat AFP
No engem déidlechen Iwwerfall op eng eeler Koppel am Kruger-Nationalpark a Südafrika hunn d'Autoritéiten d'Sécherheetsmesuren am renomméierte Wëld-Schutzgebitt verschäerft.
E Floss am Kruger-Nationapark, fotograféiert am Juni 2025.
E Floss am Kruger-Nationapark, fotograféiert am Juni 2025.
© PATRICE CORREIA/Biosphoto via AFP

Am renomméierten Kruger-Nationalpark a Südafrika ginn no engem déidlechen Iwwerfall op zwee Touristen d'Sécherheetsmesuren an d'Luucht gesat. D'Läiche vun den zwee lokalen Touriste waren e Freideg am Nomëtteg bei engem Floss fonnt ginn.

Zwee Deeg virdru waren de Mann vun 71 Joer an seng Fra, där hiren Älter net genannt gëtt, net méi bei hir Lodge zeréckkomm, wat eng gréisser Sichaktioun ausgeléist huet. Freides goufe se vun aneren Touriste beim Floss fonnt.

De Mann hat Stéch-Wonnen an d'Fra war och blesséiert. Hieren Auto ass iwwerdeems verschwonnen.

Am Wëld-Schutzgebitt goufen zousätzlech Patrullen agesat an déi technesch Iwwerwaachungssystemer sollen och verbessert ginn.

De Kruger-Park ass mat sengen 20.000 Quadratkilometer de gréissten a berüümte Park a Südafrika. Offizielle no wier et déi éischte Kéier an der Geschicht vum 100 Joer ale Nationalpark, dass Visiteuren do ëm d'Liewe komm sinn.

Back to Top
CIM LOGO