© Op der Lay
Wéi vill Wouerechte gëtt et a kann eng dovu besser, an domat méi wouer wéi déi aner sinn?
Pressetext vun Op der Lay:
An de franséischen Alpe ginn zwou Fraen ëmbruecht. Direkt steet fest, wien de Mäerder soll sinn, de Manuel Esposito, ee Schwäizer Assurancebeamten. An och d’Motiv schéngt kloer: Jalousie. Wéi den Esposito dann awer onerwaart aus dem Prisong fräigelooss gëtt, well en, esou schéngt et, een Alibi huet, ass et op eemol net méi kloer, wat wouer a wat falsch ass.
D’Niki, eng Lëtzebuerger Léierin, déi sech - och wéi et schéngt – zu Roum an eng vun deenen zwou Frae verléift hat, geréit elo an de Fokus vum Esposito.
Dat ass d’Dréibuch, aus deem d’Sam, eng jonk lëtzebuergesch Cineastin mat kongoleesesche Wuerzelen, wëllt ee Film maachen. Soll et en Documentaire oder eng Fiktioun ginn, soll d’Sam zu Boston bleiwen, wou et ee Projet huet, deen et net wierklech interesséiert, oder soll et zeréck op Lëtzebuerg kommen, do wou et sech keng Wunneng ka leeschten? Soll et mam Laurie, enger laangjäreger Frëndin zesummeschaffen oder soll et endlech op eege Féiss stoen?
Wat ka Konscht bewierken, wann den Drock, fir Profit ze maachen ëmmer méi grouss gëtt?
Däerf eng wäiss Fra iwwer d’Lëtzebuerger am Kongo ee Film maachen, oder muss se schwaarz sinn? Däerf oder och kann ee Mann iwwer véier Fraen an eng lesbesch Bezéiung schreiwen? Wéi vill Wouerechte gëtt et a kann eng dovu besser, an domat méi wouer wéi déi aner sinn?
Huet net grad deen déi wouer Geschicht, deen d’Muecht huet?
De Roland Meyer ass den 9.2.1963 zu Lëtzebuerg gebuer.
Hien ass vu Beruff Schoulmeeschter, mat engem Master am Schoulmanagement. Hien huet d’ „Theaterschoul” vum Educatiounsministère gegrënnt an 10 Joer laang geleet an ass elo an der Pensioun.
Hie schreift Bicher, Hörspiller, Zeitungsartikelen, Theater- a Kabaretstexter fir Kanner a fir Erwuessener.
Seng Bicher „Muedebëtzeg“, „Roughmix“ an „Tel Mo“ goufen ausgezeechent.
Donieft ass hien och aktiv als Musiker bei de Bluesbands „The Winklepickers“ an „The Horse Blinders“ an als Kabarettist mat Soloprogrammen, beim „Kabaret Sténkdéier“ a bei de „Melusinnen”.
"Um Horizont"
Roland Meyer
erauskomm bei Op der Lay
ISBN 978-2-87967-284-7
448 Säiten
24,9€
