D’Liewen ass eng Corrida, esou wéi an de Geschichte vun deem amerikanesche Schrëftsteller, dem, dem …

Pressetext vun Op der Lay:

Dir hutt vill Fantasie, Dokter Dos Santos. An de Stonne schwäift Dir dacks of. Ech hunn dat léiwer wéi en handlungsstrukturéierten, gelackte Cours! Wann ech Gei spillen, leeën ech gären d’Partitur op d’Säit a rëtschen an d’Improvisatioun. Am grousse Spill vun der Léift brauch een awer e Plang, besonnesch wann näischt vun där anerer Säit kënnt. De Stéier mat den Hare paken, dorëms geet et. D’Liewen ass eng Corrida, esou wéi an de Geschichte vun deem amerikanesche Schrëftsteller, dem, dem …

Georges Kieffer: Gebuer den 1. Januar 1962 zu Lëtzebuerg.
Studium a Schottland.
Wunnt zu Munneref mat Fra, Kanner a Kazen.
War an engem fréieren Liewen Englesch-professer.
Ass frou mat ville Saachen: Liesen, Lafen, Schreiwen, Schach, Reesen, Frëndschaft, Futtball, Kino, Musek. (de Georges kann net danzen).

"Weeër"
Georges Kieffer
erauskomm bei Op der Lay
ISBN 978-2-87967-283-0
212 Säiten
18,9€