Déi franséisch-lëtzebuergesch Koproduktioun kënnt fir déi éischte Kéier mat den originalen Zeechnunge vum Sempé an eis Kinoen.

No enger Selektioun um Festival vu Cannes an engem 1. Präis um renomméierten Animatiounsfestival vun Annecy, kënnt elo de beléifte Petit Nicolas als Animatiounsfilm a fir d'éischte Kéier mat den originalen Zeechnunge vum Sempé an ons Kinoen. Et ass eng franséisch-lëtzebuergesch Koproduktioun, fir déi direkt 2 Lëtzebuerger Studioe geschafft hunn, an d'Musek gouf vum Orchester vun der Lëtzebuerger Philharmonie interpretéiert. Vum "Petit Nicolas" kenne mer seng sëllege Spiichten an der Famill a besonnesch an der Schoul mat senge Copainen Agnan, Alceste, Clotère oder der temperamentvoller Louisette. Speziell um Film ass awer, dass d'Createurë vum "Petit Nicolas", den Auteur René Goscinny an den Zeechner Jean-Jacques Sempé am Zentrum vum Film stinn. De klengen Nicolas schläicht sech an hiren Atelier an déi 2 Artiste maachen him Confidencen iwwer hiert Liewen an hir Kandheet, déi net ëmmer esou glécklech war, wéi déi vun hirem Personnage.

Dësen Hommage un d'Artisten an hir Kreatioun vermëscht sech ganz harmonesch mat de Spiichte vun de Kanner, enger flotter Rekonstitutioun vu Paräis a ville Referenzen op Filmer aus de 50er a 60er Joren. "LE PETIT NICOLAS-Qu'est-ce qu'on attend pour être heureux" ass e wierklech originellt an aussergewéinlecht Erliefnis och fir déi Erwuessen.